Search

You may also like

Vulkan op Kanareninsel La Palma ausgebrach
Neiegkeeten

Vulkan op Kanareninsel La Palma ausgebrach

E Sonndeg um 15.12 Auer ass am Areal vu Cumbre

USE-IT: Esch emol anescht erliewen
Neiegkeeten

USE-IT: Esch emol anescht erliewen

Fir d’éischt waren Antwerpen a Prag un der Rei, elo

Séinoutretter*inne grënne Sea-Eye Academy
Neiegkeeten

Séinoutretter*inne grënne Sea-Eye Academy

D’Sea-Eye Academy bilt d’Séi- a Landcrew vu Sea-eye a verschiddenen Trainingen a

Aarbechtsminister hëlt d‘Kuerzaarbecht op de Leescht

Déi aus Grënn vun der sanitärer Sécherheet agefouert Kuerzaarbecht gëtt ab Mee nees méi restriktiv

Aarbechtsminister hëlt d‘Kuerzaarbecht op de Leescht

Säit elo bal engem Joer, gouf wéinst der Covid19-Pandemie a ville Betriber d‘Kuerzaarbecht, esou wéi vun der Regierung ugebuede genotzt. Ab Mee awer soll nees méi restriktiv mat dësem fir vill Betriber „praktescht“ Instrument ëmgaange ginn.

Et ass jo gewosst, datt d‘Hëllefe vun der Regierung am Kontext vun der sanitärer Kris, zanter Januar net méi opgrond der Unzuel vu Beschäftegte berechent ginn, mee datt dat elo unhand de reell geleeschten Aarbechtsstonne gemaach gëtt. Zudeem gëtt och tëscht de Betriber déi direkt vun der Kris betraff sinn (Horesca, Tourismus, Evenementiel, asw.) an deenen aneren differenzéiert.

Dat heescht am Kloertext, datt Betriber aus bedreete Secteuren och weiderhi fir hir Mataarbechter op 100% Kuerzaarbecht fir d‘Aarbechtsstonne kënnen zeréckgräifen. Dat allerdéngs nach just bis Mee, duerno reduzéiert sech dat Ganzt ëm 50%. Et dierf, wann een dës Hëllefen an Usproch hëlt, dann och kee Mataarbechter entlooss ginn. Ännerunge gëtt et awer fir all déi aner Secteuren.

An deene wou et keng Gefährdung huet, gëtt d‘Méiglechkeet 15% vun den Aarbechtsstonnen als Kuerzaarbecht unzemellen, op 10% reduzéiert. Och hei gëllt, wa Kuerzaarbecht ugefrot ass, dierf keen entlooss ginn. Natierlech huet et och hei nees eng Rei Ausnamen, déi den Aarbechtsminister Dan Kersch erläutert huet. A senger Interventioun stellt de Minister zu den Ausname fest datt:

„Wann eng Entreprise duerch ee Plang zum Erhale vun den Aarbechtsplazen, ee Sanéierungsplang oder eng brancheniwwergräifend Vereenbarung ugëtt, datt d‘Konditiounen dofir net gëeegent sinn, kann d‘Zuel vun de Stonnen déi als Kuerzaarbecht gëllen, och weiderhin erhéicht ginn“, esou den Dan Kersch. Hei muss et erlaabt sinn drop hinzeweisen, datt Kuerzaarbecht eng deier Saach ass.

Ronn 1 Milliard Euro verdeelt

De Minister huet ass senger Duerstellung vun der aktueller Situatioun awer och de Réckbléck gewot an drop higewisen, datt virun der sanitärer Kris, all Mount eng 18 Entreprise eng Demande fir d‘Kuerzaarbecht agereecht hunn. Dat huet sengerzäit eng 635.000 Euro de Mount kascht. Zanter Mäerz 2020 allerdéngs, beweegen sech d‘Ausgaben al Mount tëscht 8 an 49 Milliounen Euro…

Vun der Kuerzaarbecht betraff waren 151.322 Salariéeën. 15.379 Entreprisen hu missen op dëst Instrument zeréckgräifen: 3.020 Betriber aus dem Handel, 2.400 Entreprisen aus dem Bau an nach emol 1.849 Firmaen aus dem Horesca-Secteur. Bannent engem Joer, huet de Steierzueler 985,3 Milliounen zur Rettung vun der nationaler Wirtschaft investéiert. Et wäert net domat duer goen.

Den Aarbechtsminister stellt och nach emol fest, datt Kuerzaarbecht net nëmme Virdeeler mat sech bréngt. Dat besonnesch net fir déi Beschäftegt. Vill Leit géifen an esou Zäiten Existenzängscht entwéckelen. Zudeem wier Kuerzaarbecht keng „Fräizäit“ an d‘Leeschtungen si jo och u ganz streng Oplage gebonnen: d‘Salariéeë musse jidderzäit verfügbar sinn. Ee Spaass ass et also net…

Illustratioun: © Ewien van Bergeijk-Kwant / unsplash

Related topics Aarbechtsminister, Covid19-Pandemie, Dan Kersch, Kuerzaarbecht, partielle Chômage
Next post Previous post