Search

You may also like

money
ULC: Landeswäiten Erhalt an Ausweidung vu Geldautomaten
Neiegkeeten Stories

ULC: Landeswäiten Erhalt an Ausweidung vu Geldautomaten

A jéngster Vergaangenheet krut de Konsumenteschutz (ULC) ëmmer méi Reklamatiounen

Fir déi visuell Gesondheet vun de Residenten a Flüchtlingsfoyeren
Neiegkeeten Stories

Fir déi visuell Gesondheet vun de Residenten a Flüchtlingsfoyeren

De 17. Juni huet den Dag vun der visueller Gesondheet

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!

Um 16. Juli 1969 hunn d’USA Raumfart-Geschicht geschriwwen. Fir d’Missioun

Et brauch méi Aarbechtsplaze fir Mënsche mat Handicap

Lëtzebuerg huet zanter 2003 ee Gesetz dozou, mee wéi beim Leerstand vu Logementer, wou et och juristesch Mëttel dergéint huet, mécht d‘Regierung dat wat se am beschte kann: näischt!

Et brauch méi Aarbechtsplaze fir Mënsche mat Handicap

Et läit bei der Barrièrefräiheet fir Mënsche mat spezifesche Besoinen nach villes, ganz villes am Uergen. An interessanterweis, wann et do Saache gëtt, déi scho genotzt ginn an sech längst als alldagstauglech erwisen hunn, beoptraagt déi liberal Ministesch eng „Agence Conseil“ mat enger Etüd, firwat séchergestallt ass, datt sech nëmmen näischt ännert.

An et kann ee sech elo d‘Fro stellen, firwat sech esouvill Aarbecht gemaach gouf fir d‘Gesetzer:

ze verfaassen, wann et ni beabsichtegt gouf dofir Suerg ze droen, datt dës Gesetzer agehale misste ginn. Net vun der deemools zoustänneger Regierung, an och net vun den Deputéierten… an dat bis haut, ouni dat ee sech dofir misst schummen. Esou hat et ee gesetzlech verbréifte Versprieche ginn, datt „ 5% vun de Mataarbechter vun den Etablissementer aus dem ëffentleche Secteur, mussen ee Statut hunn, datt si als Mënsche mat spezifesche Besoinen ausweist“.

Och de Privatsecteur, gouf vum Legislateur beduecht. Hei goufen zwar aner Moossstief ugeluecht, mee am grousse Ganzen, hätt och dëse Secteur misse vill méi rekrutéiere wei dat de Fall ass. Et ass sech Quoten ausgeduecht ginn, a wierklech alles deit drop hinn, datt vun Ufank u vill Opwand muss bedriwwe gi sinn, fir sécherzestellen datt keen op de Gedanke kënnt, säi Recht hei anzefuerderen.

Respektlos oder just d‘Realitéit?

Wat elo d‘Familljeministesch an hir Valid Kolleegen an der Regierung wéi och an der Chamber (déi hunn erwisenermoosse kee siichtbaren Handicap) betrëfft, esou hunn déi d‘Ongléck, datt Piraten elo net dofir bekannt sinn, déi verluge Politik matzedroen an eppes ufänken ze nerven. Nodeems si vun der Familljeministesch wësse wollten, ob si gedenkt zumindest als Pilotprojet, ee Caddie-Service a Supermarchéeën anzeféieren, déi Eltere mat Kanner am Rollstull ee ganz reell Hëllef wier, wëll den Deputéierten am Kontext vu senger parlamentarescher Fro (4270) och Personalfroe gekläert gesinn.

Et ass zudeem net dem Sven Clement (Piraten) seng éischt Fro, streng geholl ass et déi véiert, wat erlaabt festzestellen, dat déi ugeschriwwe Minister an/oder hir Beamten, weder dem Mandat nach hire Missiounen entspriechend gerecht ginn. Sinn se just incapabel oder ass et Programm? Jiddefalls schrëftlech ze erklären:

„…dass et schwiereg wier, fir déi genau Zuel vu Aarbechter beim Staat, CFL an de Gemenge mam Statut ‚handicapé‘ unzeginn, well sech de Statut vun engem Aarbechter/Fonctionnaire während senger Karriär ännere kann“

ass, wann een et schonn net dierf „idiotesch“ nennen, well dat gewësse Gemidder kränke kéint a wuel och als „politesch inkorrekt“ gëllt, esou versteet een awer d‘Absicht derhannert. Wann also weder de Staat, nach d‘Gemengen an d‘CFL souwisou, esou guer keng Anung hunn wien si esou dagdeeglech beschäftegen, vläicht ass hinnen da bekannt, op wéi vill vun de bal 2.000 Persounen, déi eleng beim Staat 2020 agestallt goufen, de Statut vum „Salarié Handicapé“ hunn.

Laut „Adam Riese“ missten et ronn 100 Mënsche mat dësem Statut hunn, an et ass zimmlech sécher datt dës Quot net erfëllt konnt ginn. Nëmmen ugeholl et wier esou, dann hätt et Sonnersendunge bei Bertelsmann a Konferenze vun all politeschen Acteure ginn, déi sech gären am Liicht vum Erfolleg presentéieren, deen anerer méiglech gemaach hunn. An d‘Excuse wäert nees mat Covid19 an deene ganzen Urgencen, déi dësen erzwongen huet, iwwerschriwwe sinn.

A soss esou, méi allgemeng?

Laut deem wat esou erauszefannen ass – Datelag Mee 2020 – hunn d‘Lescht Joer 914 Mënsche mam Statut „Salarié Handicapé“ beim Staat geschafft. Den Effektiv vu Mataarbechter beim Staat huet op den 31. Dezember 2020 bei 31.049 Salariéë geleeën. Dat si manner wéi 3% Beschäftegter mam genannte Statut, an dëse Wäert gëtt vun den Associatiounen déi sech fir d‘Kausa vu Leit mat engem Handicap asetzen, als „vergläichbar gutt“ mee absolutt onzefriddestellend ëmschriwwen.

Am Privatsecteur, wou et jo och an der Theorie Quote gëtt, ass gesäit et naturgeméiss nach méi schlecht aus (jee no gréisst vum Betrib trëfft et bei bis zu 98% zou) heescht et säitens der ONG Info-Handicap, déi an hirem Bulletin n° 2/2021 (Ab Säit 6) dem Deputéierte Sven Clement seng Iwwerleeungen opgegraff hunn. Dat ass ëm esou méi schlëmm, wéi sech all Beruffskummer a Patronatsvertriedung stänneg op hir sozial Verantwortung der Gesellschaft géinteniwwer beruffen.

Elo gëtt et den Texter wuel Sanktioune, falls d‘Gesetz net agehale gëtt. Esou kann dee wou géint déi gülteg Legislatioun verstéisst, derzou veruerteelt ginn, 50% vum Mindestloun ze bezuelen, an dat esou laang bis eng Astellung erfollegt ass. Woubäi een hei muss uecht doen, den Text wennt sech nëmmen u wann de Patron eng Astellung vu Mënsche mat engem Handicap refuséiert an net, wann dësen d‘Quot net erfëllt. Fir Info Handicap eng Nuance, déi d‘Juristen net zoufälleg agebaut hunn.

Illustratioun: © AbsolutVision / unsplash

Related topics Gesetzer, Handicap, Info Handicap Lëtzebuerg, parlamentaresch Fro 4270, Piraten, Sven Clement
Next post Previous post