Search

You may also like

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg
Neiegkeeten

Bal wéi an der Vakanz: de Lëtzebuerger „Beach Open“ um Gaalgebierg

Et war dat eloten schonn déi 24. Editioun vum „Luxembourg

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen
Neiegkeeten

Migratioun: Washington verschäerft Asyl-Konditiounen

En Donneschdeg huet d‘Trump-Regierung ugekënnegt, alle Migranten déi net legal

Wéi steet ëm d‘Aarbechtsplazen?

Wéi steet ëm d‘Aarbechtsplazen?

Datt sech d‘Covid19-Kris och géif zolidd op den Aarbechtsmaart auswierken, datt war spéitstens mam Etat de Kris gewosst. Vill Mesuren an nach méi Hëllefsprogrammer goufen agesat, fir dësen ekonomesche Schued a Grenzen ze behalen. An awer… et ass net méiglech all Aarbechtsplaz am Land ze retten, a gewëssen Entreprisen arrangéiert et zuweilen och.

Aktuell, also op dem 31. Dezember 2020, ware bei der ADEM 19.918 Demandeure registréiert. Dat ass am direkte verglach zum 31. Dezember 2019 eng Erhéijung vu +20,5%, oder an Zuelen: 3.386 Persoune méi. D‘Beamte vum STATEC hunn ee saisonsberengegte Chômagetaux berechent, aus deem sech ergëtt, datt dëse bei 6,4% geleeën ass. Bezunn op déi grouss Hausse am Mäerz an am Abrëll 2020, kann ee feststellen, datt sech zanter August d‘Situatioun stabiliséiert huet.

D‘Reprise awer, esou zumindest erkläert et d‘ADEM, wier net den neien Aschreiwunge geschëlt, villméi huet net genuch „oppe“ Plazen. Déi awer gëtt et (2.275 Aarbechtsplaze wieren ze verginn) mee et schéngt hei un de benéidegte Kompetenzen ze feelen. An net all Secteur gläicht dem aneren. Et ass de Bausecteur deen de gréissten Demandeur (+38%) ass, gefollegt vum Gesondheetssecteur (+11%) an dem Finanzsecteur (+7%). Dës Stelle méiglechst zügeg ze besetze muss d‘Zil sinn.

An dann huet et awer och déi Beruffsbranchen, wou wéinst de Covid19-Mesuren a -Gesetzer d‘Lag éischter katastrophal bis desastréis gëtt. Esou ass d‘Beschäftegung am Horesca-Secteur ëm ganzer 53% zréckgaangen, am Handel huet ee Minus vu 26%, an esouguer am Logistiksecteur si 15% vun den Aarbechtsplaze verluer gaangen. Wann sech d‘Coronaviruskris nach länger Zäit esou drastesch op dës Secteuren auswierkt, riskéiere mir hei ee greisser Problem ze kréien. Et bréicht Léisungen.

Illustratioun: © Jessie McCall / unsplash

Related topics ADEM, Chômage, Coronaviruskris, Statec, Wirtschaftskris
Next post Previous post