Search

You may also like

Vereedegung vun 33 fräiwëllegen Zaldoten zu Dikrech
International Neiegkeeten WTF

Vereedegung vun 33 fräiwëllegen Zaldoten zu Dikrech

Bei der 36. Vereedegungszeremonie um 20. Mee 2020 sinn, am

Géint d’Massestierwen am Horesca-Secteur
International Neiegkeeten WTF

Géint d’Massestierwen am Horesca-Secteur

Schonn zënter Méint leiden zuelräich Secteuren ënnert der sanitärer Kris.

Sklaverei zu Lëtzebuerg: Wou verstoppt se sech a wéi kann een et beendegen?
International Neiegkeeten WTF

Sklaverei zu Lëtzebuerg: Wou verstoppt se sech a wéi kann een et beendegen?

Fir de „Liaisounscomité vun de Vereenegunge fir Auslänner Asbl“ (CLAE)

surprise

Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift

Aarbechtsvisitte: Op Franséisch wann ech gelift

D‘Ausseminister vu Frankräich a Lëtzebuerg hunn sech um Freideg zu Paräis fir eng Bilateral Entrevue zesummefonnt. Fir béid Minister eng gutt Geleeënheet sech der aktueller Lag, am Bezuch op d‘Relatiounen, unzehuelen. Déi grouss international an europäesch Aktualitéit war och Géigestand vun de Gespréicher.

D‘Relatioun tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ass frëndschaftlech, bestätegen de Jean-Asselborn an de Jean-Yves Le Drian a maachen dobäi en éierlechen Androck. Si wëllen dann och schonn eng konsequent Zesummenaarbecht nach verstäerken. Et gëtt dann och e sëllechen Dossieren déi béid Länner verbannen, wourënner déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht.

Wéi richteg ze erwaarden, ass zu Paräis och den Dossier Cattenom op den Dësch geluecht ginn. Déi ass ëmmerhin nëmmen néng Kilometer vun eiser Grenz ewech, a ville bereet d‘Atomzentral richteg Kappzerbrieches. De Risiko wéi en an engem Rapport vu Greenpeace un déi franséisch Autoritéite beschriwwe gëtt, ass allem Uschäin no reell.

De Jean-Yves Le Drian huet dann och dem Jean Asselborn verséchert, datt an dësem Zesummenhang déi gemëschte franséisch-lëtzebuergesch Kommissioun fir nuklear Sécherheet soll zesummekommen. Déi soll Liicht an d‘Däischtert ze bréngen an unhand vu Fakten op déi relevant Sécherheetsproblemer reagéieren.

Europapolitik mat neien Akzenter

An der Entrevue ass sech dann och den wichtege politeschen an wirtschaftlechen Theme vun der europäescher Aktualitéit ugeholl ginn. Et ass sech ausgetosch ginn, iwwer strategesch Orientéierungen an d‘Projete vun der EU an de nächste Méint. Am Mëttelpunkt de Wuesstem. Ugesicht der aktueller konjunktureller Lag, misst de wirtschaftleche Wuesstem am Interessi vum Bierger gesteiert ginn.

An dësem Sënn wier et vu Bedeitung déi intern Kohäsioun vun Europa ze stäerken. Fir dat Zil ze erreechen, sollt een nees op d‘Fundamenter zréckgräifen, déi den Ursprong vun der europäescher Konstruktioun duergestallt hunn. Eng Reflexioun iwwert d‘Zukunft vun Europa huet d‘Gespréich tëscht béide Minister och nach erlaabt.

Am Bezuch op d‘Virschléi vun der EU-Kommissioun zu der Finanzkontroll, huet de Jean Asselborn drop bestane, datt d‘Mesuren net dierften der europäescher Kompetitivitéit schueden. D‘Plaz vun der EU op der Weltbühn an d‘Roll déi d‘EU ugesicht de ville Krise soll anhuelen, ass och ugeschwat ginn. Esou och d‘EU-Aussen- a Sécherheetspolitik. Zum Sträit tëscht den USA an dem Iran, huet de Jean Asselborn sech op e neits fir den Atom-Accord ausgeschwat.

mam SIP

Foto: Entrevue tëscht dem Jean Asselborn an dem Jean-Yves Le Drian zu Paräis. D‘Stëmmung war frëndschaftlech, et ass een ee gudden Noper. © MAEE/SIP

Related topics Europa, Frankräich, Jean Asselborn, Jean-Yves Le Drian, Lëtzebuerg
Next post Previous post