Ab haut stinn déi Ongeimpft an Éisträich ënner Hausarrest

Am Kampf géint déi 4. Well – a wuel och politesch Inkompetenz – huet d‘Regierung vun Éisträich sech fir eng diskutabel Moossnam entscheet: wien net géint de Covid19 Geimpft oder vun dësem Geheelt ass, gëtt confinéiert. Seng Wirtschaftsleeschtung dierf de Refraktär allerdéngs erbréngen, wann och virzuchsweis am Homeoffice. Ass dat dann esou alles Rechtens?

De politeschen Ersatz vum Sebastian Kurz an d‘Regierungscheffe vun de Bundeslänner hunn sech gëschter eestëmmeg fir d‘Aspäre vun all deenen entschloss, déi net verstanen hunn, datt wann een vun enger Autoritéit d‘Wiel ugebuede kritt, een sech deem Choix unzehuelen huet, dee vun eben dëser Regierung zum Ausdrock bruecht gëtt. Ass eigentlech ganz einfach, an gezwonge gëtt keen.

Ab haut stinn déi Ongeimpft an
A wann een eng richteg gutt Politik mam Bierger fir de Bierger mécht, dat kritt een och entspriechende Luef an de sozialen Netzwierker

Vun haut un also dierf, wien net geimpft ass, nach just deen d‘Haus verloossen deen op d‘Schaff oder en „essentiellen“ Akaf ze maachen huet oder bei den Dokter muss, an dat natierlech nëmme mat engem zertifiéierten Test. Déi politesch Honoratioren leeën awer maximale wäert drop nach emol ganz kloer an däitlech ze ënnersträichen, eng Impfflicht/-zwang kënnt weiderhin net a Fro.

An dat mam „maach et fräiwëlleg“, huet dank dëser eppes onkonventioneller Aart a Weis d‘Leit fir méi domm ze verkafe wéi se allgemeng scho sinn, ee richtege Succès. Esou hat et gëschter a ville gréissere Stied, virun deenen Officinnen déi d‘Impfung ubidden, honnerte Meterlaang Schlaangen. De Pöbel huet sech ënnerworf, dat net aus Iwwerzeegung, an dat wäert sech enges Daags rächen…

Ass elo alles gutt?

Streng geholl – also zumindest fir all déi wou vertrauen an d‘Wëssenschaft hunn an sech iwwert vertrauenswierdeg Kanäl informéieren – ass et jo genial, dat Mënschen déi vun der Politik an der Wirtschaft als net intelligent genuch bewäert ginn, eng raisonéiert Entscheedung ze huelen, hei souzesoen de Fouss un de Steigbigel gehale kréien. A wéi gesot, et gëtt jo hei kee gezwongen…

Wat sech also als gréisser politesch Victoire iwwert d‘Dommheet vun der Mënschheet presentéiert, ass allerdéngs en zweeschneidegt Messer. Schenke mir eis einfach d‘Argumenter vun de ville Leit déi géint dës demokratesch, well jo politesch am Aklang mat de Bierger decidéiert Mesure, sinn a wenne mir eis ganz banal dem Recht an der nach ugewannter éisträichescher Verfassung zou.

Ab haut stinn déi Ongeimpft an
Den éisträichesche Bundeskanzler Alexander Schallenberg mécht der Welt, also eigentlech just den europäesche Partner vir wéi et geet. Wann een de richtegen Toun trëfft an sech géintiwwer de Mënsche verständlech ausdréckt, da muss keen iwwerzeegt ginn, da maachen d‘Leit dat mat ganz vill perséinlechem Engagement. © Florian Schrötter / Bundeskanzleramt

Laut dem Professer fir Verfassungsrecht vun der Universitéit zu Wien, Karl Stöger, bréicht et scho Konditiounen déi anzehale sinn: juristesch heescht et, datt ee Confinement nëmmen ugeuerdent ka ginn, wann dësen ausräichend ass an zum erreeche vun de gesaten Ziler gëeegent ass. Dat schéngt laut dem Professer esou net ersiichtlech. Doriwwer eraus, huet et divergent Interpretatiounen.

Am politeschen Argument gëtt sech drop bezunn, datt dës Mesure zwéngend noutwenneg wier, fir eng Iwwerlaaschtung vum iwwer Joerzéngte vernoléissegte Gesondheetssecteur ze verhënneren. De Professer weist drop hin, datt et sech heibäi allerdéngs ëm eng medezinesch Fro handelt, déi vum medezinesche Kolléisch verschiddentlech beäntwert ginn ass. Zudeem huet ass et komplizéiert.

Wéi wëll een dat kontrolléieren

De Karl Stöger huet eng weider ganz interessant Fro an de Raum gestallt: „Wann dës Mesure soll zilféierend sinn, mussen d‘Leit sech drun halen. Et muss och méiglech dat ze kontrolléieren, an dat geet jo nëmmen, wann d‘Police tëscht de Geimpften/Geheelten an „deenen aneren“ ënnerscheede kann. Nëmme wann dat séchergestallt ass, kann een d‘Moossnam als rechtlech an Uerdnung gesinn.

Ab haut stinn déi Ongeimpft an
De sympatheschen a wuel och nächsten däitsche Gesondheetsminister, Karl Lauterbach (SPS) fënnt den éisträichesche „Wee“ ganz gutt an wënscht sech och fir Däitschland endlech deraart repressiv Mesuren. Anersäits verdeedegt hien och, d‘Recht op Selbstbestëmmung wann dës de politesche Virgaben an de gesellschaftlechen Zwäng entsprécht.

Ass deem net esou huet ganz allgemeng ee verfassungsrechtleche Problem. Wann et dann och nach „Ausnamen“ huet, gëtt et richteg komplizéiert. Déi „béis Ongeimpften“ dierfe jo awer op d‘Schaff, Liewensmëttel a Medikamenter akafe goen, sech medezinesch behandele loossen an Drëttpersounen an Nout hëllefen. Wéi soll ee Polizist elo préiwen ob d‘Verloosse vun der Wunneng berechtegt ass?

Eigentlech guer net, an et ass wuel en Trappewitz vun der Geschicht, datt dem Kanzler Alexander Schallenberg seng héich Policebeamten sech opposéieren, d‘Beamte mat der Drecksaarbecht ze beoptragen. Politesch ass et wuel ee Feelschlag, an déi eklatant Inkompetenz schued jo zum Gléck net alle politeschen Acteuren. De Profiteur dovunner ass an dësem Fall déi rietspopulistesch FPÖ.

mat indymedia/vie/lnz/grz

Foto: © Florian Schrötter / Bundeskanzleramt

Dernières nouvelles