Hëlleft den Tram eiser CO2 Bilanz?
Den Tram bleift am Gespréich: Am Dezember gëtt den éischten
Den Tram bleift am Gespréich: Am Dezember gëtt den éischten
Wa Glamour-Pop an Ouerwierm aus der Glitzerwelt esou perfekt op d’Bühn bruecht ginn, erlieft d’Popband ABBA eng richteg Operstéiung. Net nëmme musikalesch ass ABBA GOLD – The Concert Show een androcksvolle Revival, mee d’Performance léisst keng Wënsch oppen: Mat den aktuellen technesche Mëttel gëtt dat originaalt Gefill an d’Géigewaart bruecht. Vun den Originalkostümmer bis hin zum schwedeschen Akzent, all Detail ass authentesch. Nieft Welthits am Unplugged-Gewand suergen eng Video-Show mat Live-Kamera, wéi och eng modern Retro-Liichtshow fir ee wuertwiertlech „gëllent“ Erliefnis.

© Jan Kocovski
Domadder awer nach net genuch: Nieft wochelaangen Aarbechten am Tounstudio bestécht d’Choreographie mat Perfektioun an Authentizitéit. Lidder wéi Waterloo, Thank you for the music oder och Dancing Queen loossen d’ABBA-Welt nees opliewen. Ënnert dem Motto Knowing Me – Knowing You beweist dës Show, datt déi schwedesch Band nach ëmmer héichaktuell ass.
ABBA GOLD – The Concert Show gëtt um 17. Mäerz 2020 am Trifolion presentéiert.
Tickete ginn et am Virverkaf fir 40 € (Sëtzplazen) am Trifolion zu Iechternach, via Telefon (26 72 39 500), bei luxembourgticket, beim City Tourist Office, der Luxemburger Wort an alle bekannte Virverkafsplazen.
Opmaacherfoto: © Jan Kocovski