Search

You may also like

Messerattack bei Metrosstatioun zu Lyon
Neiegkeeten

Messerattack bei Metrosstatioun zu Lyon

Um spéide Samschdegnomëtten si bei enger Messerattack am franséische Villeurbanne

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen
Neiegkeeten

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen

E Méindeg 24. August war de Minister fir bannenzeg Sécherheet

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit
Neiegkeeten

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit

déi Lénk ënnerstëtzen d’Protestbeweegung an den USA an an Europa

Abonnementer sollen net partiell rembourséiert ginn

ULC kritiséiert Ëmgang mat den Utilisateure vum ëffentlechen Transport

Abonnementer sollen net partiell rembourséiert ginn

Beim Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) sinn se den Ament net gutt op de Transportminister unzeschwätzen. Schold um Mëssel: bei der ULC hu se sech eppes mam Internetportal vun der Mobilitéitszentral beschäftegt a sinn op Erstaunleches gestouss.

Esou wier dësem Site ze enthuelen, datt déi Joresabonnementer déi nom 1. Mäerz 2019 geschloss goufen, keen Usproch op eng Réckerstattung nom Prorata-Prinzip sollen hunn, och wann den ëffentlechen Transport zum 1. Mäerz 2020 soll gratis ginn. Dat wier nawell ee staarkt Stéck, well et alt nees zu enger Ongerechtegkeet féiert, déi et eigentlech net dierft ginn.

An d‘ULC hëlt e Beispill zur Hand: wien den 1. Juni 2019 e Joresabo fir den ëffentlechen Transport ofgeschloss huet, huet keen Usproch op de Remboursement vum entspriechenden Deelbetrag, deen eigentlech fälleg wier, wann am Mäerz d‘nächst Joer d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport a Kraaft trëtt. Dat soll iwwregens och fir déi aner Transporttitel (M-Kaart, Seniorekaart, etc.) gëllen.

Beim Konsumenteschutz kann ee sech mat dësem Gedanken net einfach offannen, an esou maachen si dem Transportministère de Virworf, dëse géif esou de Client beducksen. A falsch ass dës Ausso jo am Fong och net. Wien esou en Abonnement huet, bezilt schliisslech fir eng Leeschtung, déi ab dem 1. Mäerz fir all déi aner gratis ass. Do dierf ee schonn Zweiwel un der Rechtméissegkeet hunn…

Et gëtt dann och en zolidd Argument virgeluecht. Bei der Automobilsteier (Vignette) ass de partielle Remboursement schliisslech virgesinn, firwat et kee Grond géif ginn, dës Reegel och fir den ëffentlechen Transport unzewennen. Ganz verréckt dann och nach d‘Feststellung, datt mir haut nach esou e Joresabonnement hätte kafe kënnen. Dobäi wier dësen am Mäerz 2020 schonn obsolet.

Related topics Gratis Ëffentlechen Transport, Konsumenteschutz, Mobilitéitszentral, Transportministère, ULC
Next post Previous post