70 Joer europäesch Mënscherechtskonventioun
Den haitege 4. November markéiert de 70. Joresdag vum Ënnerschreiwe
Den haitege 4. November markéiert de 70. Joresdag vum Ënnerschreiwe
[onionbuzz quiz-id=46][/onionbuzz] Datt Uertschaften hei am Land e puer Nimm
Am Kader vum Filmfestival zu Sarajewo huet sech den amerikanesche
Abrëll Abrëll! Schonn eleng déi franséisch Expressioun „poisson d’avril“ léist een un dësem Donneschdeg, den 1. Abrëll grinsen. Souguer d’Medien denke sech méi oder manner ausgefale Gecken hei an do aus, et gëllt also haut opzepassen! Et sinn awer och déi Kleng, déi sech domat amuséieren hiren Elteren oder Kollegen e witzegt Bild ouni hiert Wëssen op de Réck ze pechen, fir léif mat hinnen de Geck ze maachen.
Dofir musse mir an dat 15. Joerhonnert zeréckgoen, méi prezis an d’Joer 1466, fir d’Spur vum éischten „Abrëllsgeck“ ze fannen. Et war am Wierk „Doctrinal du temps présent“ vum Pierre Michault, franséische Paschtouer a Poet, wou en eng éischte Kéier opgedaucht ass.
D’Expressioun beschreift hei eng Aart Mëttelsmann, Intermediaire, oder jonke Bouf, deen d’Libesbréiwer vu sengem Meeschter un d’Damm brénge soll. Ëmmer erëm gouf den Ausdrock a verschidde Publikatioune benotzt, mee et huet bis an dat 17. Joerhonnert gedauert, datt et déi Ausmoosse geholl huet, déi een haut virfënnt. Ab do bedeit et „traditionell Täuschung vum 1. Abrëll“. Sou vill also zu den Originnen.
Zum Abrëllsgeck selwer fënnt ee Spueren a verschidden festlechen Traditiounen a Persounen aus dem Beräich vun der Satir erëm, déi ab der Antik bis zum Mëttelalter fir Bespaassung gesuergt hunn. Eng Erklärung verbënnt de franséischen Abrëllsfësch mam Karfreideg, ee grousse Moment am chrëschtleche Kalenner, wou (gebakene) Fësch giess gëtt.
Et ginn awer nach aner Spueren, fir d’Origine vum Abrëllsgeck ze erklären. Eng dovunner geet op d’Reform vum Kalenner vun 1582, an d’Notzung vum gregorianesche Kalenner zeréck. Et war eng Reform, déi wëllkomm war, well verschidde Länner zu verschidden Daten ugefaangen hunn d’Deeg ze zielen. Stellt Iech emol deen Duercherneen vir!
Verschidde Legenden no hat dës Ännerungen esou seng Schwieregkeeten an der Ëmsetzung fonnt, virun allem an de Regiounen a Provënzen wou d’Joer um … 1. Abrëll ugefaangen huet. Et huet ee sech lëschteg gemaach iwwert déi Leit, déi „vergiess haten“ dat neit Joer ze feieren.
Aner Erklärungen zum Abrëllsgeck ginn op déi Traditionell Ouverture vun der Fëscher-Saison zeréck, oder och op seng Suspensioun. De Geck mat de Fëscher huet ee gemaach, andeems een hinnen een Hierk offréiert huet, an e schliisslech un hirem Réck ugestréckt huet.
Da ginn et nach e puer Historiker, déi schätzen, datt den 1. Abrëll eng Mëschung aus e puer Traditioune vum Karneval, oder och der Astrologie mat der Begrënnung um Stärenzeeche „Fësch“ ass.
Zesumme mat mental.lu