Abrëllsgeck, stiech deng Nues an de Kéidreck

T’ass den 1. Abrëll – Den Dag fir seng Matmënschen unzeschmieren, eng Traditioun vun de Gecken. Wien sech hei zu Lëtzebuerg veräppele léisst, kritt de Saz „ Abrëllsgeck, stiech deng Nues an de Kéidreck“ ze héieren. Dobäi ass et net ëmmer d’Liichtgleewegkeet déi eis an d’Fal tape léisst – d’Geschichten an d’Dote ginn ëmmer méi originell.

Datt bei eise franséischen Noperen d’Abrëllsgecken als „poisson d’avril“ bezeechent ginn oder dësen Dag an den USA „April Fools’ Day“ heecht, wësse wuel déi meescht vun eis. Ma, a Spuenien a Latäinamerika gëtt den 28. Dezember, um Día de los Santos Inocentes, uerdentlech de Geck mat de Kolleegen a Bekannte gemaach.

Schrëftlech festgehale gouf den Abrëllsgeck scho virun iwwer 400 Joer zu Bayern mat der Expressioun „Een an den Abrëll schécken“. Enger Theorie no war et awer de Kinnek Karl IX vu Frankräich, deen 1564 ongewollt déi lëschteg Traditioun an d’Liewe geruff huet.

Hie soll Neijoerschdag nämlech vum 1. Abrëll op den 1. Januar verluecht hunn. Well et deemools awer nach keng Zeitung ginn an d’Nouvelle net iwwerall ukomm ass, hu sech verschidde Persounen e Spaass drausgemach Invitatiounen fir en Neijoerschdagsfest um 1. Abrëll ze verschécken. Iwwert d’Leit déi tatsächlech ugereest sinn gouf schliisslech de Geck gemaach.

Gouft Dir haut schonn ugeschmiert oder hutt e Plang, fir Är Frënn ze veräppelen?

Dernières nouvelles