Search

You may also like

#BlackLivesMatter-Demo: Aktiv géint Policegewalt an Diskriminéierung
Neiegkeeten

#BlackLivesMatter-Demo: Aktiv géint Policegewalt an Diskriminéierung

Organiséiert vum nach jonke Mouvement „Lëtz Rise Up“ enger feministescher

De Sultan a säin Haass op d‘Kurden
Neiegkeeten

De Sultan a säin Haass op d‘Kurden

Zanter 2018 geet déi tierkesch Arméi géint d‘Kurden an Nordsyrien

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat
Neiegkeeten

Luxmasters 2018: déi bescht Strategie huet sech duerchgesat

Wat wat dat nees e gäile Weekend an der Schongfabrick

Abriecher on Tour

Abriecher on Tour

Déi lescht 24 Stonnen huet d‘Police et nees verschiddentlech mat Abréch uechtert d‘Land ze di gehat. Vum Minett bis an den Norden erop, hunn där „Onéierlecher“ sech Zougang zu frieme Wunnenge verschaaft. Fir ee Brigang heescht et sech elo viru Geriicht ze veräntwerten, mee eent nom aneren…

Ugefaangen huet alles zu Esch-Uelzecht, sech gëschter Mueren een oder méi Abriecher iwwert d‘Récksäit, gewaltsam Zoutrëtt an en Eefamilljenhaus an der Wierkstrooss verschaaft hunn. All d‘Raimlechkeete goufen no Wäertgéigestänn duerchsicht, a den oder déi Täter konnten sech mat hirer „Beute“ onerkannt duerch d‘Bascht maachen.

Och zu Stroossen, esou de Bericht vun der Police, ass et am Laf vum Donneschdeg an der Réimer Strooss zu engem Abroch komm. Hei ass ee Brigang mëttels opbrieche vun der Aganksdier an eng Wunneng vun engem Méifamilljenhaus agedrongen. Et ass zur Stonn nach net gewosst, ob den Abriecher erfollegräich war a Saache geklaut goufen.

Géint der Owend waren dann d‘Beamten an der Stad sollicitéiert ginn. An der Deportatioun-Strooss (Gaasperech) si vermuttlech méi „onbekannt Persounen“ an en Eefamilljenhaus agedrongen. Fir sech Zougang zur Récksäit vum Haus ze verschafen, gouf en Zonk beschiedegt. D‘Räimlechkeete wiere grëndlech op d‘Kopp gestallt ginn. Wat vu Wäert war gouf matgeholl…

An der Nuecht (1 Auer) gouf der Police en Abroch zu Ettelbréck gemellt. Hei war eng Persoun an en Eefamilljenhaus an der Groussgaass agedronge. D‘Police huet eng Recherche nom Flüchtegen Täter ageleet a konnt kuerz drop ee Verdächtegen „pëtzen“. Well dës Persoun geklaute Saache bei sech hat, gouf si op „ee weiderféierend Gespréich“ agelueden. De kuerzfristege Rendez-vous mam Untersuchungsriichter war haut.

De leschte Fall féiert eis zréck an d‘Stad, wou sech en Abriecher trotz Uwiesenheet vum Awunner Zougank zuer Wunneng an der Strooss vun de Vereenegte Staaten (Gar) verschaaft hat. Et ass dovunner auszegoen, esou de Policebericht, datt den Täter fir „besser sichen ze kënnen“ d‘Luuchten an der Wunneng ugemaach huet, firwat de Resident dann och erwächt ass. Bis den Awunner eppes ënnerhuele konnt, hat den Abriecher sech „zerwéiert“ an d‘Been an de Grapp geholl.

An alle Fäll huet d‘Police op der Plaz eng Spuresécherung virgeholl, Ermëttlungen an d‘Wee geleet, an d‘Kloe vu de Geschiedegten enregistréiert.

Illustratioun: © Isai Ramos / unsplash

Related topics Abriecher, Déifstall, Police, Spuresécherung, Staatsanwaltschaft
Next post Previous post