Search

You may also like

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden
Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg ass mam Hygiènesdéngscht méi wéi nëmmen zefridden

Lëtzebuerg ass eng Propper Stad, an datt een dat esou

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen
Neiegkeeten

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen

Wéinst enger Bloalge-Pescht am Séi vun der Uewersauer, ass et

„D’Lëtzebuerger Orthografie“ ass nees ze kréien
Neiegkeeten

„D’Lëtzebuerger Orthografie“ ass nees ze kréien

Wéi am November 2019 eng aktualiséiert a completéiert Orthografie vun

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter

Wéi d’Police matdeelt ass et gëschter Owend géint 23:30 Auer op der A1 a Richtung Däitschland zu engem schwéieren Accident komm. Ee Chauffeur ass op der Héicht vun der Ausfaart Sennengerbierg an d’Heck vun engem Bus mat 10 Gäscht gerannt.

Duerch de staarken Opprall ass de Bus géint d’Leitplank gedréckt ginn an ass dunn zur Chaufferssäit gekippt. De Won vum Verursaacher vum Accident ass e puer Meter virum Bus stoe bliwwen an huet Feier gefaangen. De blesséierte Chauffeur ass doropshi geflücht.

Am Bus hu 4 Gäscht schwéier Blessuren erlidden, déi aner si liicht verletzt ginn. Wärend der Opnam vum Accident huet eng weider Patrullen nom blesséierte Schëllege gesicht. D’Beamte konnten de Mann Doheem untreffen, hie stoung ënnert staarkem Alkohol-Afloss.

De Mann ass uschléissend mat dem Rettungsdéngscht an d’Spidol ageliwwert ginn. De Parquet ass vum Virfall a Kenntnis gesat ginn an huet ee Protokoll ugeuerdent.

Foto: © Police

Related topics A1, Accident, Alkoholiséierte Chauffeur, Ambulance, Bus, Police
Next post Previous post