Search

You may also like

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen
Neiegkeeten

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen

D’EU an d‘Mercosur-Länner (Brasilien, Paraguay, Uruguay an Argentinien) si sech

surprise
Wëlle Mann mat pyrotechneschen Naupe verhaft
Neiegkeeten

Wëlle Mann mat pyrotechneschen Naupe verhaft

An der Nuecht vun ee Samschdeg op ee Sonndeg, esou

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn
Neiegkeeten

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn

Net nëmmen am Frankräich ass sech e Samschdeg nees zolidd

Vill Froen no déidlechem Accident mat Äisskulptur

Stater Schäfferot ass um Méindeg op d‘Ëmstänn an d‘Suitte vum tragesche Virfall agaangen

Vill Froen no déidlechem Accident mat Äisskulptur

Zum Optakt vun der Pressekonferenz huet d‘Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg sech missen agestoen, datt et méi Froe wéi Äntwerte gëtt. Et wier dat trageschst Accident datt si a 24 Déngschtjoer un der Spëtzt vun der Haaptstad erlieft hätt an et géif keng Wierder fir de Schmäerz vun der Elteren an der Famill ze beschreiwen. Esou en Ongléck wier einfach onvirstellbar.

Am Kontext vun der Pressekonferenz, hunn déi Verantwortlech vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an der Police sech beméit, dat wat vun den Ëmstänn déi zum Accident gefouert hunn, ze erklären. Eng vun den zentrale Froen: Ass d‘Skulptur a sech zesummegefall oder huet een se ëmgehäit? De Verantwortleche vun der spezialiséierter Firma déi d‘Skulpturen opgestallt huet ass kategoresch: „D‘Äisskulptur konnt net vum selwen ëmfalen!“.

An de Marc Angel (LSAP), President vum LCTO preziséiert, datt et sech beim Objet ëm eng participativ Skulptur gehandelt huet, an et säitens dem Kënschtler keng besonnesch Instruktiounen zur Sécherheet ginn huet. Dëst klengt Haischen aus Äis hat eng Héicht vun 250 cm an hat e Gewiicht vun 2.200 Kg Opweises. De Kënschtler ass international unerkannt, huet Dosende Präisser gewonnen an et ass seng drëtt Bedeelegung um Stater Chrëschtmaart.

Den Äisblock aus deem d‘Skulptur entstanen ass, gouf e Sonndeg um 14 Auer geliwwert an ass ënnert den Ae vun engem interesséierte Public vum Kënschtler verschafft ginn. Während dësen Aarbechten huet et ee Sécherheetsperimeter ginn, dee géint 17 Auer konnt opgeléist ginn. Sënn an Zweck vun der Skulptur, war et se dem Public zougänglech ze maachen, firwat och ee Stull aus Äis an d‘Konschtwierk agebonne gouf, fir d‘Wierk als Fotomotiv notzen ze kënnen.

Grouss Undeelnam

Wien elo Schold um Dout vum knapp dräijärege Béifchen huet? Dat muss d‘Enquête vun der Police beäntwerten. D‘Buergermeeschtesch huet awer verséchert, datt esouwuel d‘Gemeng wéi och den LCTO hei ganz enk mat der Police zesummeschafft. Et gëtt sech natierlech och nach emol mat de Sécherheetsprozeduren ausenanergesat. Woubäi een, an dëse Virfall ass leider en trauregt Beispill, keng 100% Sécherheet garantéiere kann.

No der Pressekonferenz huet de Stater Schäfferot, déi verantwortlech vun der Police an d‘Foraine bei der Äispist Blummen zum Gedenken un dat jonkt Affer néiergeluecht. Hei wou den ganzen Dag iwwer Passanten an Touriste Blummen néiergeluecht a Käerzen higestallt hunn, sëtzt de Schock déif. Keen dee sech un esou e schreckleche Virfall erënnere kéint. D‘Laachen an d‘Chrëschtmusek si verstëmmt, vill Leit kënnen hir Tréinen net zréckhalen.

D‘Winterlights 2019 sollten anescht sinn, mee net esou. Eis Mäert droen Trauerflor an et ass den Ament schwéier virstellbar, wéi sech d‘Ambiance nees kann de Feierdeeg upassen. De Parquet huet eng Enquête wéinst ongewolltem Doudschlag ordonnéiert an d‘Äisskulptur gouf saiséiert. D‘Police huet en Opruff gemaach, fir Videoen an/oder Fotoen ze kréien, déi am Verlaf vum Dag a bis zum tragesche Virfall gemaach goufen. All Bild kann en entscheedenden Detail enthalen.

(Wien eppes zum Accident bäizedroen huet, soll sech bei der Police ënnert dem 2444 04 500 oder iwwert den 113 mellen)

Illustratioun: Enrique Meseguer / Pixabay

Related topics Accident, Äisskulptur, Knuedler on Ice, LCTO, VDL
Next post Previous post