Erhéijung vum soziale Mindestloun ëm 100€!
De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna, sou wéi de Minister fir
De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna, sou wéi de Minister fir
Wéi de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) matdeelt, ginn ab
Och am Mäerz kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës
Wéi d‘Police de Moie matdeelt, ass et um Freidegmuere kuerz virun der belscher Grenz zu engem schwéieren Accident komm. Esou si géint 7 Auer zwee Gefierer op der C106 tëscht Nidderpallen an Näerden frontal anenee gerannt.
Aus de Policebericht geet ervir, datt ee vun de Kontrahenten op der Géigespur ënnerwee war, an dat anert Gefier net méi ausweeche konnt. Trotz dëser zolitter Kollisioun, huet kee vun de Chaufferen – déi allebéid eleng an hire Gefierer gesiess sinn – schwéier Blessuren dovugedroen. Si goufen dann awer zur Kontroll a Behandlung an d‘Spidol iwwerfouert.
Aus verständleche Grënn huet d‘C106 misse gespaart ginn, fir datt d‘Onfallstell konnt vun den zoustännege Servicer geraumt an d‘Autoe gebuerge ginn. Kuerz no 9 Auer war d‘Strooss dann och nees fir de Verkéier op.
Foto: © Groussherzoglech Police
update 7. November