Search

You may also like

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou
Neiegkeeten

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou

Et dierft een um Animatiounsmaart wuel kaum eng esou komesch

Rebellioun zu Schraasseg (ee Kommentar)
Neiegkeeten

Rebellioun zu Schraasseg (ee Kommentar)

Säit fënnef Deeg si mir beméit vun den zoustännegen Instanzen

Iwwer 9000 Passagen an den Zenteren fir erweidert Fleeg
Neiegkeeten

Iwwer 9000 Passagen an den Zenteren fir erweidert Fleeg

Ab haut hunn d’Zenteren fir erweidert Fleeg an der LuxExpo,

Uergt Accident op der N10

Uergt Accident op der N10

Bei engem Verkéiersongléck tëscht Rouderssen an der Doosber-Bréck goufen dräi Persounen deel schwéier blesséiert. Duerch déi frontal erfollegt Kollisioun, hunn béid Chaufferen aus de Gefierer missen erausgeschnidde ginn.

Kuerz no 17 Auer um Sonndeg, ass ee Chauffer, deen aus der Richtung Rouderssen koum, op déi géigeniwwerleiend Fuerbunn geroden a frontal mat engem him entgéintkommende Gefier kollidéiert. An dësem hunn d‘Automobilistin an eent vun de zwee Kanner, déi si derbäi hat, ganz uerg Verletzungen erlidden. Och de Chauffer gouf bei dëser Kollisioun schwéier blesséiert.

Séier waren d‘Ekippe vum CGDIS an dem Samu op der Plaz, d‘Police huet hinnen de Wee fräi gehalen. P‘Pompjeeë vu Klierf an Housen hunn d‘Chaufferen aus de Gefierer misse befreien, iert déi blesséiert Persounen op der Plaz konnte stabiliséiert ginn. D‘Ambulanze vun Ettelbréck, Ëlwen an Housen hunn dës an d‘Spidol, respektiv d‘Kannerklinik iwwerfouert.

Bei der Onfallopnam huet d‘Police dann nach misse feststellen, datt de Chauffer, deen d‘Accident erbäigefouert huet ënnert Alkoholafloss gestanen huet. De Parquet gouf informéiert an dësen huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police mat der Enquête beoptraagt. Béid Gefierer si vun der Police beschlagnaamt ginn. D‘Streck war wärend dem Rettungsasaz a béid Richtunge gespaart.

Illustratioun: © Clark van der Beken / unsplash

Related topics Accident, CGDIS, Doosber-Bréck, N10, Police, Rouderssen, SAMU
Next post Previous post