Search

You may also like

dislike
#Metoo, erkläert
Neiegkeeten

#Metoo, erkläert

Deen een oder aneren vun iech huet et villäicht schonn

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“
Neiegkeeten

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“

E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10.

Wéi eng Perspektive fir den Horesca-Secteur?
Neiegkeeten

Wéi eng Perspektive fir den Horesca-Secteur?

Nodeems um Dënschdeg eise Premierminister mat der Gesondheetsministesch ugekënnegt hunn,

Accisenerhéijung op Pëtrolsproduiten – d‘OGBL-Presidentin huet Bedenken…

Accisenerhéijung op Pëtrolsproduiten – d‘OGBL-Presidentin huet Bedenken…

Nodeems gëschter de ministeriellen Trio, Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna (DP) an Claude Turmes (déi gréng) annoncéiert hunn, datt 2020 d‘Accisen op de Pëtrolsproduiten, jee no Zort ëm bis zu 5 Cent gehéicht ginn, huet de Stëmmungsbarometer eng widder d‘Klatz kritt. Ëmmerhi soll dës Mesure derzou bäidroen, d‘Erreeche vun de Lëtzebuerger Klimaziler ze ënnerstëtzen.

Woubäi faktesch betruecht, et emol fir unzefänken dorëms geet, dem sougenannten Tanktourismus ze begéinen, dee sech jo ganz besonnesch negativ op eis Klimabilanz néierschléit. An zweeter Linn soll d‘Leit ermonteren sech der Elektromobilitéit zouzewennen, oder zumindest op méi verbrauchsaarm Gefierer, ëmzesteigen. Et soll och den ëffentlechen Transport gefërdert ginn.

De Klimaplang deen den Energieminister Claude Turmes kierzlech virgestallt huet, soll awer net zum soziale Konflikt féieren, firwat et him och ëm „Klimagerechtegkeet“ geet. Dëse Passus ass beim OGBL, dem gréisste Gewerkschaftsbond zu Lëtzebuerg, net onbemierkt bliwwen, firwat zu Esch, och d‘Annonce vun der Accisenerhéijung mat grousser Opmierksamkeet verfollegt gouf.

Et dierf net zu Laaschte vun de Klenge goen

Beim OGBL setzt een sech och fir d‘Karbonneutralitéit an. Besser a méi Nohalteg wirtschaften, fir datt och déi zukünfteg Generatiounen nach vum Liewe profitéiere kënnen. Ee méi effizienten Asaz vun den Energien (och den erneierbaren) wéi och alternative bei der Mobilitéit, si fir den OGBL de richtegen Usaz. Si stellen sech zuweilen awer d‘Fro, wéi eng Acteuren d‘Laascht ze droen hunn.

Fir déi nei Presidentin vum Gewerkschaftsbond, Nora Back, ass hei Virsiicht gebueden: „Mir ënnerstëtzen d‘Moossnamen déi et eis erméiglechen déi gesate Klimaziler ze erreechen. Mee mir fuerderen och Géigeleeschtungen, well et ersiichtlech ass, datt d‘Erhéijung vun den Accisen an éischter Linn vun de Menage muss gestëmmt ginn“. Hei dierft et also nach Diskussioune ginn.

AccisenerhéijungBedauerlech ass de Fait, datt wann ee Claude Turmes heescht an net am Verdacht steet de Frënn vun de Patronen an der Finanz ze sinn, d‘OGBL-Presidentin op de Feeler am Plang muss hiweisen. Si stellt fest, datt en Zantim hei an zwee Zantimer do, ëmmer fir d‘éischt aus der Täsch vum Salariat muss op den Dësch geluecht ginn. Fir all déi aner léisst sech de Verloscht steierlech berengegen.

Wann dann och nach gewosst ass, datt den OGBL der Regierung eng Rei Propose virgeluecht huet, an déi et bis ewell net fir eruechtenswäert fonnt huet, dat an engem bilaterale Gespréich ze verdéiwen an eventuell ze kucke wou et Kompromëssméiglechkeete gëtt, läit d‘Kromm an der Heck. „Dat ass bedauerlech a mir si mat dëser Erhéijung net zefridden“, esou d‘Nora Back.

Foto: Falkenpost / Pixabay

Related topics Accisen, Bensin, Claude Turmes, Diesel, Klimaplang, Nora Back, OGBL, Pëtrolspräisser
Next post Previous post