Search

You may also like

Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!
Business International Money Neiegkeeten

Fir schnell a qualitativ héichwäerteg Asätz – De SAMU gouf nei equipéiert!

Mat summerlechem Wieder konnten déi 5 nei Gefierer vum SAMU,

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter
Business International Money Neiegkeeten

Accident op der A1: 4 schwéier Blesséierter

Wéi d’Police matdeelt ass et gëschter Owend géint 23:30 Auer

Produktiv a erfreelech Visitten op d’New Yorker Bourse an d’UNO fir de Xavier Bettel
Business International Money Neiegkeeten

Produktiv a erfreelech Visitten op d’New Yorker Bourse an d’UNO fir de Xavier Bettel

De Premierminister Xavier Bettel ass am Moment op Visite zu

money

Däitsch-amerikaneschen Accord fir NordStream2

Nom jorelaange Gestreits wéinst de Gaspipeline an de Nordséi, schéngen si sech elo eens ze sinn

Däitsch-amerikaneschen Accord fir NordStream2

Wien als Europäer mat wiem Geschäfter bedreift, dat entscheeden och d‘Amerikaner mat, firwat et beim däitsch-russesche Projet NordStream2, gehéierlechen Dissens tëscht Berlin a Washington hat. D‘Amerikaner kënnen d‘Russe schonn aus Prinzip net leiden a wëlle virun allem hire Gas, deen si primär duerch Fracking fërderen, an Europa verkafen.

Richteg ass awer och, datt et den Amerikaner (a gewëssen europäesche Partner) guer net gefält, datt mat der NordStream2-Pipeline, den Transit vum russesche Gas duerch d‘Ukrain entfält. Dat heescht engersäits, datt d‘Ukrain kee Goss fir den Transit a Richtung EU kritt, mee d‘Russen der Ukrain kee Gas méi liwwere muss. Woubäi d‘Ukrain nach massiv Scholden am energetesche Kontext hunn.

NordStream2

Elo dann ass et tëscht den Amerikaner an hiren däitsche Partner dann awer nach zu engem Accord komm. Déi vum US-Ausseministère virgeschéckten Diplomatin Victoria Nuland huet dem US-Kongress erkläert, datt een Däitschland derzou verflichte konnt, am Fall wou Russland d‘Energie als Waff wéilt asetzen an/oder weider aggressiv géint d‘Ukrain virgeet, Moossnamen ze ergräifen.

Dozou géifen, esou d‘Victoria Nuland, och Sanktioune gehéieren. Där huet et aktuell eigentlech schonn am Iwwerfloss, bréngen dinn se séier wéineg, mee et huet sech esou agebiergert. Faktesch awer geet et just ëm de Goss, well mëttlerweil huet jo een neie Gestionnaire am Wäissen Haus, an dëse schéngt – zumindest um Pabeier – ee gudden Deal fir d‘Ukrain erausgeschloen ze hunn.

Et geet ëmmer nëmmen ëm de Goss an d‘Muecht

D‘Amerikaner, deenen aus onerkläerleche Grënn opgefall ass, datt ee seng traditionell a laangjäreg Handelspartner veronséchert, wann een hinnen operleet wirtschaftlech Decisioune mat Washington ofzeklären, a zwar iert een se hëlt, hunn awer d‘Heft weiderhin an der Hand. Si hunn déi däitsch Regierung gezwongen 200 Milliounen Euro un d‘Ukrain ze iwwerweisen. Offiziell als „Hëllef“.

Et wäert sech heibäi wuel ëm den Ausgläich, fir déi der Ukrain verlëschteg Transittaxen handelen. Gutt et war erwënscht dat anescht duerzestellen, et sollt heeschen, datt et sech bei dëse Milliounen ëm eng Finanzhëllef handelt, mat där d‘Ukrain sech am Beräich erneierbar Energie wéi och der Energieeffizienz, sollt verbesseren. Mee domadder net genuch, eng weider Milliard ass nach dran.

NordStream2

D‘USA zesumme mat Däitschland, wëllen ee Fonds vun enger Milliard Euro ariichten, mat deenen d‘Investitioune vun amerikaneschen an europäeschen Entreprise/Konzerner an der Ukrain – bezunn op Energietransitioun a -sécherheet – solle matfinanzéiert an ofgeséchert ginn. D‘Angela Merkel huet sech scho mam Zar Vladimir I. iwwert dësen Accord ënnerhalen. Et schéngt gefall ze hunn.

Net gekläert bleift, op et zu enger Verlängerung vum Transitvertrag tëscht Moskau a Kiew kënnt, well de Konflikt am Donbass an d‘Recuperatioun vun der Krim, suerge bekanntlech fir eppes geopolitescht Gedeessems. Woubäi, wann et och hei eenzeg an eleng ëm de Goss geet, wäerten si sech eens ginn. Polen an d‘Ukrain hunn dësen US-Autoritéiten natierelch schaarf verurteelt.

mat indymedia/was/ber

Illustratioun: © Matt Paul Catalano / unsplash

Annex:

Related topics Autorisatioun, Däitschland, Finanzhëllef, Nordstream2, Russland, Sanktiounen, Ukrain, USA
Next post Previous post