Search

You may also like

Dossier Khashoggi: Frankräich diskreditéiert d‘Tierkei
International Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: Frankräich diskreditéiert d‘Tierkei

E Méindeg sinn se zu Ankara eppes „aus der Këscht

Feng Shui Politik am Räich vun der Mëtt
International Neiegkeeten

Feng Shui Politik am Räich vun der Mëtt

No de sëllege Sanktiounen, déi säitens den USA an der

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich
International Neiegkeeten

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich

Et kann een e Fussballsmatch dominéieren an um Enn awer

Grenzgänger Frankräich-Lëtzebuerg: Den Accord gouf verlängert

Grenzgänger Frankräich-Lëtzebuerg: Den Accord gouf verlängert

D’Autoritéite vu Lëtzebuerg Frankräich hunn hiren Accord zum Ëmgang mat de Grenzgänger wärend der Pandemie bis den 31. Mäerz 2021 verlängert. Doran ass festgehalen, datt d’Aarbechtsdeeg am Homeoffice net an de Calcul vun den 29 agerechent ginn, an deenen d’Paie zu Lëtzebuerg besteiert gëtt.

An dësem Kader ass den Accord och ob déi Grenzgänger ausgedeent ginn, déi fir de Lëtzebuerger Staat schaffen, an dat och retroaktiv.

De Finanzminister Pierre Gramegna ënnersträicht: „De franséisch-Lëtzebuerger Accord zum Teletravail vun de Grenzgänger ass en essentiellt Mëttel an eisem Kampf, zum engen fir de Virus zeréckzehalen, gläichzäiteg den Employéen vun eise béide Länner déi gréisst juristesch Sécherheet ze bidden. Ech begréissen dofir de Fait datt déi franséisch Regierung eiser Demande, fir den Accord bis den 31. Mäerz 2021 ze verlängeren, zougestëmmt huet.

Ma, de Minister weist sech zwar hoffnungsvoll a realistesch. Mat Perspektiv op e Vaccin géint de Covid-19 kann ee just hoffen, datt de Virus an d’Knéie gezwonge gëtt. An awer wäert dëse Prozess nach eng Zäit daueren. Dofir muss ee weiderhin virsiichteg bleiwen.

Opmaacherbild: © Franco Antonio Giovanella / Unsplash

Related topics Aarbecht, Accord, Besteierung, Covid-19, Frankräich, Grenzgänger, Pierre Gramegna, Teletravail
Next post Previous post