Search

You may also like

ArcelorMittal an ILVA op der sich no engem Terrain d‘Entente
Geek International Neiegkeeten

ArcelorMittal an ILVA op der sich no engem Terrain d‘Entente

An der „Affär“ ëm den dreckegsten Industriestanduert vum Grupp ArcelorMittal

Sea-Watch: 3 Froen un un d’Bord-Schräinerin Insa
Geek International Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un un d’Bord-Schräinerin Insa

D’Insa ass Schräinerin u Bord vun der Sea-Watch 3. D’Noutsituatioun

Chamber fir partiell Reouverture vum Horesca-Secteur
Geek International Neiegkeeten

Chamber fir partiell Reouverture vum Horesca-Secteur

Nodeems an der Gesondheetskommissioun decidéiert gouf, den Amendement vum Covid19-Gesetz

geek

Iwwer 3 Milliarde Fake-Accounts bei Facebook geläscht

Iwwer 3 Milliarde Fake-Accounts bei Facebook geläscht

Mat engem Blogpost, huet Facebook gëschter d‘Community informéiert, datt d‘Entreprise sech mat de gefälschte Konte schwéier deet. Si hätten eng richteg „Schwämm“ ze bekämpfen, heescht et. An d‘Zuele sinn deels erschreckend. Waren et am leschte Quartal 2018 nach 1,2 Milliarde Konten déi hu misse geläscht ginn, esou sinn am 1 Quartal vun 2019 schonn 2,2 Milliarde Konte gespaart ginn.

Wéi et heescht, géifen Onbekannter mat automatiséierte Systemer versichen op Facebook masseg gefälschte Benotzerkonten unzeleeën. Dat bekämpfen d‘Sécherheetsleit vum sozialen Netzwierk a wéi et heescht, wieren déi meescht vun dëse Konte kuerz nom Erstellen entdeckt a gespaart ginn. Et ass ee Kampf dee vu Facebook vill Ressource fuerdert, mee deen awer muss gefouert ginn.

Ëmmerhin ass Facebook – mat ronn 2,4 Milliarden aktive Benotzer weltwäit – dat gréisste soziaalt Netzwierk. Eegenen Aussoen no, wieren 5% vun den Accounts gefälscht. Konten déi zum groussen Deel fir Bedruch an/oder Beaflossung genotzt géifen. Wéi vill staatlech gesteiert „Déngschter“ sech bedeelegen ass net gewosst, mee wéi ëmmer gëtt hei a Richtung Russland a China gedeit.

Zudeem muss sech den amerikanesche Konzern ëmmer nees virwerfe loossen, net genuch fir d‘Sécherheet vu senge „Memberen“ ze maachen. Säitens der EU-Kommissioun war Facebook zudeem opgefuerdert ginn, sech méi a virun allem besser ëm déi ominéis Falschmeldungen ze këmmeren. Dat ass verhältnesméisseg schwiereg an do gëtt et jo och nach d‘Meenungsfräiheet…

mat indymedia/sfo

Foto: Fake-Accounts ginn oft genotzt fir „Gewënnspiller“ oder aner kommerziell Facebooksäite kënschtlech ze ënnerstëtzen. Dat erkennt een och an der Chronik vun dësen Accounts. Wa sech beispillsweis ganz vill gedeelten Inhalt op Gewënnspiller oder „Aktiounen“ bezéien, da sollt et virsiichteg sinn, wëll e „gewéinlechen“ User verhält sech einfach net esou. Denys Vitali /Pixabay

Related topics Facebook, Fake Accounts, Fake News, Meenungsfräiheet, Zensur
Next post Previous post