Search

You may also like

Eleng iwwert den Atlantik
Neiegkeeten

Eleng iwwert den Atlantik

Den US-amerikanesche Pilot a Schrëftsteller Charles Lindbergh ass haut viru

Eng legal Basis fir de Rout-Luuchte-Radar
Neiegkeeten

Eng legal Basis fir de Rout-Luuchte-Radar

Zanter enger Rei Deeg steet op der Stäreplaz ee sougenannte

LCGB 1. Mee-Feier: d‘Aarbecht vu muer gestalten!
Neiegkeeten

LCGB 1. Mee-Feier: d‘Aarbecht vu muer gestalten!

Réimech den éischte Mee 10.00 Auer: um Parvis vun der

Digital Joreshaaptversammlung fir d‘ACEL

Digital Joreshaaptversammlung fir d‘ACEL

Déi alljäerlech Haaptversammlung vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercel (ACEL) ass och am Pandemiejoer 2020 ofgehale ginn, dat allerdéngs an digitaler Form. Iwwer véierzeg Memberen aus den ënnerschiddleche Studentevertriedungen hunn sech am virtuelle Raum zesummefonnt, fir 2020 réckbléckend ofzeschléissen.

Bei dëser Sëtzung gouf awer net nëmmen zréckgebléckt, mee och d‘Zukunft beliicht. De Covid19-Virus hat jo een zolitten Impakt op d‘Liewe vun de Studenten a folgerichteg och op d‘Aarbecht vun der ACEL. Déi hat sech am verlaf vum Joer massiv dofir agesat, déi sozioekonomesch Folge vun der sanitärer Kris ofzefiederen. Eng zimmlech opwenneg a komplizéiert Missioun déi erfëllt gouf.

Esou ass et der ACEL ënnert anerem gelongen, d‘Aféierung vun engem zousätzleche Semester „Studiëbäihëllef“ ze erwierken. Eng Moossnam déi sech opgezwongen huet, well vill Studenten hire Studiëwee verlängere mussen. Dës Finanzhëllef ass noutwenneg, fir et de Studenten ze erlaben ouni finanziell Suergen hire Studien ofschléissen ze kënnen. Zum den Ëmfang gouf näischt gesot.

D‘ACEL betreit zudeem zanter August eng Onlineplattform, wou d‘Studenten sech hire Bong froe kënnen, fir ee PCR-Test maachen ze loossen. 861 esou Bonge sinn ausgestallt ginn. Esou konnten d‘Studenten sech an hire respektive Wunnuerter ophalen an um Präsenzunterrecht deelhuelen. Dat war dank der – wéi et heescht – gudder Zesummenaarbecht mat de respektive Ministèrë méiglech.

Ee weidere Sujet huet sech op d‘Organisatioun vum éischte „politeschen Dag“ vun der ACEL bezunn. Mat dësem Event soll den Austausch tëscht der Politik an de Studente gefërdert ginn. Leider huet déi fir 2020 geplangte REEL (Europäesch Reunioun vun de Lëtzebuerger Studenten) zu München missen ofgesot ginn. Et gouf eng méi kleng Veranstaltung um Campus Belval als Ersatz.

Wat dat anert Joer betrëfft, esou bleiwen d‘Mobilitéit vun de Lëtzebuerger Studenten an der EU, wéi och déi gesamt sozioekonomesch Folge vun der Covid19-Pandemie, prioritär Themen. Et soll sech och nach emol mat der REEL beschäftegt ginn. Hei gouf beschloss, datt een 2021 nach emol München als Veranstaltungsuert notze wëll. Dat natierlech ënnert der Viraussetzung dat et geet.

Et gouf dann och en neie Virstand gewielt:

President – Benjamin KINN; Vizepresidentin (Representatioun) – Michelle HEYDER; Vizepresidentin (Regruppement) – Lynn DUCHAMP; Vizepresidentin (Informatioun) – Polina BASHLAY; Caissier – Charel MARCY; Sekretär – Lou PEPIN; Informatiker – Michel KLOMP; Grafikerin – Lara SCHNEIDER; Membere vum Virstand: Catherine NILLES; Belkisa TRIMI; Charel KARIER; Mathis MICHELS; Tim KRIES; Vicky KLEIN; Yannick BETRAND

Related topics ACEL, Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercel, Covid19-Pandemie, Generalversammlung, Haaptversammlung
Next post Previous post