Search

You may also like

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!
Neiegkeeten

Tun Tonnar: Mam Fräisproch hätt hien net gerechent!

No enger Rei Plainten ass de Lëtzebuerger Rapper Turnup Tun

Subaru wëll mam „Solterra“ d‘Elektromobilitéit op een neie Level hiewen
Neiegkeeten

Subaru wëll mam „Solterra“ d‘Elektromobilitéit op een neie Level hiewen

Schonn am Summer 2019 hate Subaru an Toyota déi gemeinsam

Konscht an de Wolleken: D’Boeing 737 am Sumo-Design ass gestart!
Neiegkeeten

Konscht an de Wolleken: D’Boeing 737 am Sumo-Design ass gestart!

A ganz Lëtzebuerg sinn dem Artist Sumo seng Wierker, déi

D’Akerbauschoul plënnert op Gilsdref

Fir d’Schoulrentrée 2021/2022 wäert d’Akerbauschoul (LTA) seng Schüler net méi zu Ettelbréck, mee op enger neier Plaz empfänken. De Lycée ass nämlech an e modernt Gebai zu Gilsdref an der Bettenduerfer Gemeng geplënnert a wäert do ronn 800 Schüler ausbilden. Just fir bestëmmten Aarbechten an den Zären oder Felder, wäert een nach op den Terrain zu Ettelbréck zeréckgräifen.

Gegrënnt am Joer 1883 huet d’Akerbauschoul sech zu engem Traditiounslycée entwéckelt, deen d’Schüler innovativ op hir Naturberuffer virbereet. D’Schouloffer vum LTA ëmfaasst ënnerschiddlech Beräicher – vum allgemenge Secondaire bis zur professionell an eenzegaarteger Ausbildung am Beräich vun der Landwirtschaft sou wéi der Mechatronik. Domat hunn d’Schüler d’Méiglechkeet interessant wéi och héich qualifizéiert Beruffer ze léieren.

Als modern Erweiderung bitt d’Akerbauschoul fir dat kommend Schouljoer zwou nei Ausbildungen un: Agrarmechatronik an Bauingenieurswiesen. Den techneschen Design vum Gebai ënnerscheet sech duerch eng leeschtungsstaark Dämmung an enger optimaler Notzung vum Dagesliicht. Dës weideren ass eng natierlech Belëftung fir de Groussdeel vun de Raimlechkeeten verantwortlech. D’Heizungsanlag ass mat engem Kessel fir de gréngen Offall an Holzstécker ausgestatt. Esou gëtt de Gebrauch vun erneierbaren Energien maximéiert.

Zu Gilsdref stinn 29 Klassesäll, 27 Spezialzëmmer (IT, Biologie, Chimie, Physik, Landwirtschaft, kënschtleresch Bildung), 18 Atelieren a Laboen (Mechanik, Elektrotechnik, Holz, Metall, Gaart- a Bëschaarbecht, Reparaturen asw, …), eng Hal fir landwirtschaftlech Maschinnen, 2.400 m2 Zären, e Sportssall, eng Bibliothéik, e Restaurant an eng Cafeteria, de Sepas an nach villes méi zur Verfügung.

Uewe fannt Dir eng Galerie mat verschidden Andréck vum an aus dem neie Gebai vun der Ackerbauschoul © LTA

Related topics Ackerbauschoul, Gilsdref, Landwirtschaft, LTA, Lycée Technique Agricole, Modernt Gebai, Naturberuffer
Next post Previous post