Search

You may also like

Europäesch Verstréckungen, riskant Diplomatie
Neiegkeeten

Europäesch Verstréckungen, riskant Diplomatie

Fraen denigréieren, d‘Oppositioun verbidden, d‘Kurden ëmbréngen, de Krich am Bergkarabach

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!
Neiegkeeten

Testphas op der A6 an A1: 90 km/h zu Stousszäiten um Mueren!

Fir de Verkéiersfloss op den Autobunnen zu Stousszäiten ze optimiséieren,

Police: E wichtegen Zeienopruff
Neiegkeeten

Police: E wichtegen Zeienopruff

D‘Police widderhëlt hiren Zeienopruff am Bezuch op deen dramatesche Virfall

Den ACL begréisst säin 180.000 Member

Den ACL begréisst säin 180.000 Member

Gutt Stëmmung beim Automobilclub Lëtzebuerg op der Helfenterbréck. Net nëmmen datt d‘Joer fir den ACL sech generell als villverspriechend duerstellt, elo huet de Veräin och nach e neie Rekord ze verbuchen. Säit dem 23. Februar zielt den ACL méi wéi 180.000 Veräinsmemberen.

Eng Zuel déi dann och bestätegt, datt déi Efforten déi vun de ville Mataarbechter geleescht ginn, an de Service deen all Dag erbruecht gëtt, och bei de Leit ukënnt. Dat zeechent den ACL dann och ugesicht senger 85 järeger Veräinsgeschicht aus. Beim ACL kritt een als Automobilist nieft engem gudde Rot of an der Nout gehollef.

E klenge Merci ass ëmmer gutt

Als 180.000e Member gëtt ee gefeiert, an dat ass och gutt esou. An dësem Fall war déi glécklech Persoun eng Dame. An d‘Diana Santiago vu Péiteng, deem seng Wiel op d‘Kaart „YoungACL Europe“ gefall ass, hat sech déi Iwwerraschung sécherlech net erwaart. Ëmsou méi grouss war dann och d‘Freed.

Am Kader vun enger Receptioun, krut déi jonk Dame e puer nëtzlech Kaddoen. Dorënner Bonge fir tanken ze goen, an e Weekend mam Elektroauto BMWi3. Dësen Auto kann iwwregens all Member vum ACL beim Service „Clubmobil“ lounen.

Wat esou eng Zuel dann awer ausseet

Fir d‘Zuel vun iwwer 180.000 Memberen am Kontext vum Land ze verstoen, muss een se aneren Zuele géinteniwwer stellen. Zu Lëtzebuerg wunnen aktuell 590.700 Leit, an et sinn net manner wéi 403.200 Autoen (vu 535.344 Gefierer insgesamt) ugemellt.

Dorausser gëtt ersiichtlech, datt den ACL eng wichteg Roll, esouwuel national wéi international, och beim Weltverband FIA spillt.

Sech esou gutt a besonnesch positiv ze entwéckelen, geet dann awer nëmme mat enger gudder a loyaler Equipe. D‘Operateuren an d‘Techniker garantéieren all de Memberen eng Mobilitéit och, oder grad an enger Noutlag. An dat net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och dank de Partenariater a uechter ganz Europa.

Nieft dem Depannage bitt den ACL wéi gesot nach eng helle Wull un aneren Déngschtleeschtungen un. Alles Saachen déi vun de Membere gutt a gären ugeholl ginn. A Member kann e beim ACL scho mat 16 Joer ginn. Et zielt ebe jiddereen, jonk an al, alleguerte gehéieren se zur Famill.

Esou dann och d‘Formule: YoungACL, déi fir déi jonk ab 16 Joer gëllt an einfach „Gratis“ ass, mee déi selwecht Prestatioune bitt, wéi dat de Fall bei de Memberen ass, déi schonn hire Bäitrag bezuelen. Et soll also kee méi soen, et géif näischt fir d‘Jugend gemaach, beim ACL jiddefalls ass se gutt opgehuewen.

Foto: D‘Diana Santiago ass de Member Nummer 180.000 an huet fir dat ze feieren, och esou muenches als Kaddo an d‘Hänn gedréckt kritt. © ACL

Related topics ACL, YoungACL
Next post Previous post