Search

You may also like

Policegewerkschaft a Minister fannen en Accord
Auto Neiegkeeten

Policegewerkschaft a Minister fannen en Accord

Mir hate viru gutt enger Woch nach missen drop hiweisen,

money
Op der sich no enger gudder Transaktioun
Auto Neiegkeeten

Op der sich no enger gudder Transaktioun

Weien sech e Samschdeg an der Stad ëmgekuckt huet, deem

Den Donald Trump ass eng signifikativ Gefor fir de Rechtsstaat
Auto Neiegkeeten

Den Donald Trump ass eng signifikativ Gefor fir de Rechtsstaat

Um Donneschdeg huet de fréieren FBI-Chef James Comey, deen déi

ACL Classic Tour 2019: Duerch de Grand-Duché an d’Ardennen!

Fir déi 19. Editioun vum ACL Classic Tour hu sech gëschter nees zuelräich Auto-Fans zesumme fonnt, fir d’Regioun ze erliewen. Net nëmme fir déi 250 Participante war et een immenst Erliefnis, mee och fir de Public, deen déi historesch Gefierer bei dëser traditioneller Randonnée bestaune konnt.

Den Depart vum Classic Tour war scho fréi moies um halwer 8 zu Bartreng beim ACL selwer. Fir d’Chauffeuren ass et mat hirem léifste Gefier iwwert ee Parcours vun 250 Kilometer gaangen, bei deenen een déi schéinst Strecken a Plaze vum Grand-Duché, sou wéi den Ardenne bestaune konnt. No enger Stäerkung um Mëtteg am Château de Jemeppe sinn d’Autoe schliisslech no an no am spéiden Nomëtteg am Alvisse-Parc Hôtel zu Dummeldeng agetraff.

No engem opreegenden Dag krut een um Parking d’Méiglechkeet, souwuel als Pilot, wéi och als faszinéierte Visiteur, déi deelweis seelen, deelweis speziell an deelweis schonn immens al Gefierer vu ganz no ze gesinn. Mat Bensin an der Loft an Higucker lénks a riets krut een jo direkt selwer Loscht, fir bei der nächster Editioun matzemaachen!

D’Gewënner vum ACL Classic Tour 2019

No engem ofschléissenden Iessen am Hotel zu Dummeldeng ass schliisslech de spannende Moment komm, wien den Tour am erfollegräichsten ofgeschloss huet. Hei déi éischt 5 Piloten, déi op der offizieller Lëscht stinn:

  • Plaz 1 geet un N° 65 – Atten Serge (Pilot) an Vorburger Valérie (Kopilote) mam Volvo P1800 ES
  • Plaz 2 geet un N° 6 – Feltes Goy (Pilot) an Feltes Catherine (Kopilote) mam Honore Special
  • Plaz 3 geet un N° 72 – Ruppert Bob (Pilot) an Staud Ana (Kopilote) mam Datsun 2400z
  • Plaz 4 geet un N° 37 – Hansen Albert (Pilot) an Toussaint André (Kopilot) mam Volvo Amazon
  • Plaz 5 geet un N° 91 – Steffes Charles (Pilot) an Bormann Olivier (Kopilot) mam Mercedes SLC 280

Mir gratuléieren alle Piloten a Kopilote fir hiert Geschéck an hoffen, datt jiddweree vun hinne vill Spaass un dësem 19. ACL Classic Tour hat!

Related topics ACL Classic Tour
Next post Previous post