Search

You may also like

Déi spuenesch Konservativ hunn e neie Leader
Neiegkeeten

Déi spuenesch Konservativ hunn e neie Leader

Nodeems de konservative „Partido Popular“ (PP) sech eng Renommée gemaach

De Finanzminister strieft nei Aufgaben un
Neiegkeeten

De Finanzminister strieft nei Aufgaben un

Zanter 14 Deeg ass gewosst, datt den aktuelle President vum

CUEVA am Bâtiment 4: Eng Expo vun de Superlativer geet zu Enn
Neiegkeeten

CUEVA am Bâtiment 4: Eng Expo vun de Superlativer geet zu Enn

Wow, wat eng fantastescht Ausstellung huet dann do zu Esch-Uelzecht

ACL ElectroLease: Elektrogefierer einfach testen a leasen

ACL ElectroLease: Elektrogefierer einfach testen a leasen

Mat der neier Offer ACL ElectroLease bitt de Lëtzebuerger Automobilclub senge Memberen eng attraktiv a bezuelbar Méiglechkeet un, fir an de Genoss vun der Elektromobilitéit ze kommen. Well d’Technologie vun de Batterien sech ëmmer weiderentwéckelt kritt een hei „Best Deals“ ugebueden, déi een am Virfeld teste kann. Et ginn awer nach weider Virdeeler.

D’Elektromobilitéit ass ëmstridden a wie sech dofir entscheet, steet virun der Erausfuerderung dat passend Gefier ze sichen. Duerch Onsécherheete beim potentielle Keefer, oder och beim Weiderverkaf – e gerechtfäerdegte Präis ze fannen ass schliisslech net esou einfach – ka Leasing zur Optioun ginn.

Gebuede gëtt hei net nëmmen e privat Leasing-Gefier zu engem fixe Montant de Mount (all Fraisen inclus an ouni zousätzlech Käschten). Dobäi kommen nämlech och eng Berodung vum ACL (Testfaart mam gewielten Auto, Erklärungen zu privaten an ëffentlechen Opluedméiglechkeeten, Detailer zur Notzung), eng Stroossenassistenz zu all Moment a ganz Europa an eng Opluedkaart vun Enodrive Zen Europe. Ma, well d’Batterien net onbedéngt fir laang Strecke geduecht sinn, gëtt wärend 3 Deeg gratis en Auto mat thermeschem Motor zur Verfügung gestallt.

Aktuell ass d’Technologie besser fir eng urban a periurban Notzung geduecht. Aus dësem Grond huet den ACL sech fir Gefierer mat Batterien ëm 50 kWh entscheet. Wat d’Batterie nämlech méi kleng ass, wat manner Ressource gebraucht ginn, manner CO2 bei der Produktioun ausgestouss gëtt an d’Gewiicht och reduzéiert gëtt. Esou kann ee mat de gewielte Gefierer an der Moyenne tëscht 150 an 300 Kilometer fueren.

Den éischte Modell gëtt et fir 288€ de Mount (ttc) wann de Kontrakt virum 24. Dezember 2020 gemaach gëtt. Dobäi gëtt et ee Joer Recharge ouni Fraisen. Déi verschidde Modeller kënnen op Rendez-vous getest ginn, woufir ee sech via Telefon (+352 45 00 45-4050) melle sollt.

D’Partner vum ACL ElectroLease sinn d’Spuerkeess (Finanzen), LeasePlan (operationelle Beräich), an Enovos (Oplueden).

Opmaacherfoto: © ACL

Related topics ACL, Batterie, Best Deals, ElectroLease, Entwécklung, Lëtzebuerger Automobilclub, Testen, Transport
Next post Previous post