Search

You may also like

Entrevue tëscht dem OGBL an der FGT
Neiegkeeten Sport

Entrevue tëscht dem OGBL an der FGT

Den2. Oktober haten de Syndikat „Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et

Christopher Nolan verléisst Warner fir Universal
Neiegkeeten Sport

Christopher Nolan verléisst Warner fir Universal

De brittesch-amerikanesche Realisateur, deen zanter bal 20 Joer fir d‘Warner

money
Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter
Neiegkeeten Sport

Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter

Datt d‘Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart éischter „Katastrophal“ ass, datt ass

FIA Motorsport Games a Frankräich: Den ACL schéckt de beschte Pilot an d’Competitioun

FIA Motorsport Games a Frankräich: Den ACL schéckt de beschte Pilot an d’Competitioun

Nodeems de 15. Mäerz den éischten Deel vum ACL Challenge ugefaangen huet, annoncéiert de Lëtzebuerger Automobilclub, datt si fir déi zweet Epreuve ee Pilot an d’FIA Motorsport Games um Simulator schécke wäerten.

Bis ewell hunn iwwer 200 Persounen um Evenement deelgeholl an hoffen op eng Qualifikatioun an den Top 20. Oppe fir all Persoun ab 15 Joer, stoung hei d’Spill RaceRoom um Programm. Deelhuelen duerft jiddereen, dee bei dësem Spill ënnert dem Lëtzebuerger Fändel fiert.

Duerch Partner wéi d’City Concorde, Merbag oder och d’POST Lëtzebuerg kënnen d’Spiller mat super Präisser belount ginn. Elo gouf eng weider Belounung annoncéiert.

Dee Spiller, dee bei der zweeter Epreuve vum ACL Challenge déi meeschte Punkte erhält, kritt d’Méiglechkeet Lëtzebuerg an den Automobilclub bei de FIA Motorsport Games 2021 an der Kategorie „Digital Cup“ ze representéieren. Dëst multidisziplinäert Evenement fënnt vum 29. bis den 31. Oktober 2021 um Ciruit Paul Ricard bei Marseille (Frankräich) statt.

D’Aschreiwunge fir d’Competitioune si schonn eriwwer. Ma, d’Participanten mussen d’Lëtzebuerger Nationalitéit an op mannst 16 Joer hunn. Dës weideren dierfe si keng Erfarung an der Competitioun am reelle Liewen hunn an och keng Lizenz fir Course besëtzen. D’Gefierer ginn wärend dem Evenement gratis zur Verfügung gestallt.

Related topics ACL Challenge, e-Sports, FIA Motorsport Games, Lëtzebuerger Automobilclub, Marseille, Pilot, RaceRoom, Simulator
Next post Previous post