Search

You may also like

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek
Neiegkeeten

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek

Wann d‘Sonn ënnergeet an d‘Nuecht sech wéi en Duch iwwert

UN-Campagne #NotATarget vu Lëtzebuerg matgedroen
Neiegkeeten

UN-Campagne #NotATarget vu Lëtzebuerg matgedroen

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef, deen all Joers de

Dokter oder Generaldirekter? (Kommentar)
Neiegkeeten

Dokter oder Generaldirekter? (Kommentar)

De Verwaltungsrot vum CHEM (Centre Hospitalier Emile Mayrisch) huet an

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer

Um kommende Samschdeg organiséiert den Automobiles Club op een neits säin traditionelle Kannersëtzbazar, wou een ee quasi neie Kannersëtz fir de Bebe, oder och ee Sëtz fir säin zweet Kand fir ee gudde Präis kafe kann.

Wéi all Joer gëtt des Manifestatioun am ACL-Gebai organiséiert, an dat vu 09:00 bis 12:00 Auer moies. Wichteg ass, seng Memberskaart vum ACL dobäi ze hunn, fir um Bazar dierfen deel ze huelen. Natierlech kann een sech och op der Platz am Club aschreiwen.

Ugebuede ginn déi verschiddenst Modeller u Kannersëtzer, sou datt fir jiddwereen eppes dobäi ass. Et ass een Occasiounsmaart, wou Sëtzerhéijunge fir Kanner a Sëtzer fir am Auto de Besëtzer fir een anstännege Präis wiesselen. Dobäi wierkt den ACL just als Vermëttlungsplatz, net als Verkeefer.

Et sollt nach gesot sinn, datt hei just boer Bezuelung méiglech ass. Natierlech sinn och déi Zoustänneg vum Automobils Club present, fir Iech är Froen ze beäntweren, Informatiounen zu de verschiddene Systemer ze ginn an Sécherheetsnormen ze erklären. Si garantéieren, all d’Sëtzer am viraus kontrolléiert ze hunn, sou datt se den europäeschen Normen entspriechen an déi ideal Sécherheet fir äert Kand bidden.

De Kannersëtzbazar ass den 24. November 2018 vu 09:00 bis 12:00 Auer am Haaptgebai vum ACL (54, Route de Longwy, L-8080 Bartreng). Weider Informatioune ginn et op www.acl.lu.

Related topics ACL, Automobils Club, Kanner, Kannersëtz, Kannersëtzbazar, Sécherheet
Next post Previous post