Search

You may also like

surprise
CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden
Auto Neiegkeeten

CGFP-Leader Romain Wollf: Bereet fir d‘Fuerderungen ze streiden

D‘Chamber huet nach net richteg ugefaange mat Schaffen, d‘Presentatioun vum

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung
Auto Neiegkeeten

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung

Wann Internet-Firmen all är Uploads (Postings, Photoen, Videoen, Zitater asw)

Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken
Auto Neiegkeeten

Editorial: Risegt NATO-Manöver soll de russesche Bier beandrocken

Haut fänken an Norwegen déi gréisste Militärmanöver zanter dem Enn

ACL: Sécher duerch de Wanter!

Loosst Är Luuchten a Pneue kontrolléieren

ACL: Sécher duerch de Wanter!

Och an dësem Joer lancéiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) seng traditionell Campagne zur Stroossesécherheet fir de Wanter. Op verschidde Plazen uechtert d’Land kënnt Dir den Zoustand vun Äre Pneuen, Luuchten an der Batterie vum Auto teste loossen.

Vum Niwwel an der Däischtert um Moien hin zu glaten a schmierege Stroossen – den Hierscht a Wanter bidden verschidde Falen op der Strooss. Geet d’Geliits net richteg oder sinn d’Pneue glat, da kann et schnell zu engem Accident kommen. Nieft der Préiwung vun de Luuchten an de Pneue bitt den ACL an dësem Joer zousätzlech d’Kontroll vun der Autosbatterie un, fir esou Pannen ze evitéieren.

Wanter© Cristofer Jeschke / Unsplash

Wou a wéini gëtt kontrolléiert?

Vun 10:30 bis 18:00 Auer gëtt op folgende Plazen Ärt Gefier op de Wanter preparéiert:

  • 12.10.2020: City Concorde Bartreng
  • 15.10.2020: Däichhal Ettelbréck
  • 19.10.2020: Cactus Bäreldeng
  • 20.10.2020: City Concorde Bartreng
  • 21.10.2020: Cactus Keel
  • 22.10.2020: Cactus Keel
  • 23.10.2020: Shopping Center Massen Wämperhaart
  • 27.10.2020: Cactus Réiden un der Atert
  • 29.10.2020: Mäertert Parking CIMW
  • 30.10.2020: Cactus Réimech
  • 03.11.2020: City Concorde Bartreng
  • 04.11.2020: Cactus Käerjeng
  • 05.11.2020: Cactus Käerjeng
  • 06.11.2020: Shopping Center Knauf Pommerlach
  • 09.11.2020: Cactus Houwald
  • 10.11.2020: City Concorde Bartreng
  • 12.11.2020: Cactus Beetebuerg

Wanter© Nathalia Segato / Unsplash

Wisou sollt een an d’Kontroll?

Batterie: Laut de Statistike vum ACL si Panne vun der Batterie am Wanter besonnesch heefeg. Falen d’Temperaturen ënnert 10 °C gëtt déi chemesch Reaktioun méi lues, wat en negativen Impakt op d’Funktioun vun der Autosbatterie huet. Donieft muss d’Gefier am Wanter méi Aarbecht leeschten, beispillsweis duerch d’Luuchten oder d’Wischeren. Generell huet esou eng Batterie eng Liewensdauer vu 4 Joer.

Pneuen: Blieder op der Strooss, Reen an niddreg Temperaturen bedeiten eng Gefor fir den Automobilist, wann d’Pneuen a kengem gudden Zoustand sinn. Gekuckt gëtt den Alter, d’Profil, de generellen Zoustand an eventuell onreegelméisseg Ofnotzungen. Den ACL erënnert drun, datt de Profil bei minimum 1,6 mm leien dierf. Recommandéiert gëtt awer, fir net ënnert 4 mm ze falen.

Luuchten: Wie fiert, muss och genuch gesinn. An dat zemools, wann et dobaussen meeschtens däischter ass. D’Mecanicienen vum ACL kontrolléieren all Luuchten um Gefier, den Zoustand vun de Reflekteren an d’Glas virdrun. Dës weidere gëtt no der Positioun gekuckt, sou datt aner Automobilisten net geblent ginn.

Weider Informatioune ginn et op www.acl.lu.

Opmaacherbild: © John Bowe / Unsplash

Related topics ACL, Gratis, Lëtzebuerger Automobilclub, Pneuen, Profil, Wanter, Wanterpneuen
Next post Previous post