Search

You may also like

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 15. bis de 21. Mäerz
Auto Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 15. bis de 21. Mäerz

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

Héichwaasser Kriseniwwersiicht (11 Auer)
Auto Neiegkeeten

Héichwaasser Kriseniwwersiicht (11 Auer)

Zanter de Moien zéng Auer sëtzt de Krise-Kommando ënnert dem

Éischt Affer bei mega Heckebränn an Australien
Auto Neiegkeeten

Éischt Affer bei mega Heckebränn an Australien

Monstréis Heckebränn am Oste vun Australien hunn éischt Doudeger ervirbruecht,

Den ACL bitt elo Online-Reesversécherung un

Den ACL bitt elo Online-Reesversécherung un

Mam Summer ginn och d’Vakanzepläng gemaach, respektiv sech schonn op déi zukünfteg Rees virbereet. Ma, vun den onsécheren Zäite gepräägt, hu sech de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) an Bâloise Assurances zesummegedoen, fir e flexibele Modell vun der Reesversécherung unzebidden.

ACL-Membere kënnen esou, wa Besoin besteet, eng präiswäert Offer gemaach kréien, d’Versécherung online, wéi och op der Plaz um Guichet vum Automobilclub zu Bartreng ofschléissen. Ugebuede gëtt eng Récktrëttsversécherung vun der Rees an/oder eng Versécherung vum Gepäck. Dës kënne fir e ganzt Joer oder och just fir e bestëmmten Zäitraum beusprocht ginn a bis zu 8 Persounen kënnen an de Vertrag agebonne ginn.

„Keen ass virun dem Onerwaarten immun“

De Jean-Claude Juchem, Direkter vum ACL, huet ënnerstrach, datt net an d’Vakanz fueren ze kënnen, dës fréizäiteg ofbriechen ze mussen oder och seng Wallissen ze verléieren onangenehm Ereegnisser sinn, déi leider zu all Zäit passéiere kënnen. „Net an d’Vakanz fueren ze kënnen oder souguer seng Wallissen ze verléieren si leider onangenehm Ereegnisser, déi zu all Zäit passéiere kënnen.

„Dofir wollt den ACL senge Memberen eng einfach Méiglechkeet bidden, de Versécherungsschutz vun hirem Choix ofzeschléissen, fir d’Vakanz an aller Rou buchen ze kënnen, well si wëssen, datt si am Fall vun engem Problem gutt ofgeséchert sinn.“

An dësem Kader spréngt d’Récktrëttsversécherung am Fall vu Krankheet, Kënnegung, Befërderung, Trennung oder Scheedung an, an deckt e Betrag vu bis zu 50.000 € of. Bei der Gepäckversécherung sinn nieft de Wallissen, och d’Kamera a sportlechen Equipement abegraff, déi wärend der Rees verluer kënne goen. Hei gräift d’Versécherung bis zu engem Montant vun 3.500 €.

„Déi nei Versécherung, déi mir den ACL-Memberen ubidden, deckt si am Fall vun enger Stornéierung oder Ënnerbriechung vun der Rees opgrond vu Krankheet, dorënner och Covid-19, of. An der aktueller Situatioun ass dat definitiv e grousse Plus, deen hinne bei der Virbereedung vun der Vakanz d’Gefill vu Sécherheet gëtt“, sou de Romain Braas, CEO vu Bâloise.

Am Fall wou ee sech fir den digitale Wee entscheet d’Versécherung ofzeschléissen, kritt den ACL-Member direkt duerno de Schäin a Form vun engem PDF geschéckt.

Opmaacherbild: © Freepik

Related topics ACL, Automobilclub, Bâloise, Jean-Claude Juchem, Ofso, Reesverécherung, Vakanz, Verloscht, Walliss
Next post Previous post