Search

You may also like

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum
Auto Neiegkeeten

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht

Den Aarbechtsmaart weider am grénge Beräich
Auto Neiegkeeten

Den Aarbechtsmaart weider am grénge Beräich

Zum 30. September waren op der ADEM 15.893 Leit ageschriwwen

Palestina: Nee zur Annexioun – Jo zur Unerkennung vum Staat
Auto Neiegkeeten

Palestina: Nee zur Annexioun – Jo zur Unerkennung vum Staat

Mat der Ënnerstëtzung vum Trump sengem Friddensplang wëll déi israelesch Regierung

D‘Batterie: Éischt Pannenursaach wärend dem Confinement

D‘Batterie: Éischt Pannenursaach wärend dem Confinement

Zanter eng Rei Joren, esou den ACL um Freideg, ass d‘Batterie den Headliner ënnert de Pannen déi vum Lëtzebuerger Automobilclub rezenséiert ginn. Wärend dem Etat de Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, wou d‘leit tëscht dem 15 Mäerz an dem 31. Mee hu missen doheem bleiwen, huet de Batterie-Problem nach emol (am Verglach zum Virjoer) ëm 47% zougeluecht.

Wann et natierlech en Roll gespillt huet, datt d‘Gefierer allgemeng manner genotzt goufen, esou gëtt et trotz allem eng verhältnesméisseg einfach Erklärung: engersäits huet et mat Alterung vum Fuerpark ze dinn, dee bei eis am Land am Schnëtt ëm 7,5 Joer läit. Bedenkt een dann, datt esou eng Autosbatterie ronn 4 Joer laang hiren Déngscht maache kann, da gëtt engem séier verständlech, datt si bei längerem Stëllstand – obwuel awer Stroum entzu gëtt – schonn emol kann an d‘Gätte goen.

Den ACL erënnert an dësem Zesummenhang drop hinn, datt et sënnvoll ass, seng Batterie ëmmer regelméisseg kontrolléieren ze loossen. Dat kascht kaum eppes a geet u sech ganz séier. Besonnesch fir ACL-Memberen ass dëse Service jo ganz praktesch, a wien sech dofir ee Rendez-vous ufreet ka séier a bequem dëse Check hannert sech bréngen.

Déi zweet Pannenursaach op der Strooss sinn d‘Pneuen. Den ACL weist nach emol drop hin, datt ëmmer manner Gefierer en Ersatzrad hunn, an et zudeem erstaunlech wéineg Leit ze gi schéngt, déi hautdesdaags nach wësse wéi een e Rad wiesselt. Et kann awer och eppes mat Bequemlechkeet ze dinn hunn… wéi och ëmmer, de Lëtzebuerger Automobilclub gëtt bei engem „Platten“ ëmmer méi heefeg zur Hëllef geruff. Et ass jo och besser, wann ee sech net auskennt oder onsécher ass, op déi gutt ausgebilte Mataarbechter vum ACL ze verloossen. Sécherheet muss ëmmer Virrang hunn.

Bleift nach festzehalen, datt wärend dem Confinement, den ACL an 88% vun den Interventiounen, de Problem op der Plaz léise konnt. Besonnesch am Kontext vun der Batterie ass den ACL ganz gutt opgestallt, all Gefier vum Club huet mindestens eng passend u Bord. Och am Fall vun engem Pneu deem d‘Loft ausgaangen ass, sinn d‘Ekippe vum ACL fir déi allermeeschte Fäll beschtens gerëscht.

Illustratioun: © Denny Müller / unsplash

Related topics ACL, Batterie, Pannen, Pannenhëllef, Pneuen
Next post Previous post