Et geet ëm d‘Glafwierdegkeet vum Parlament (Carte Blanche)
Zur Erëffnung vun der parlamentarescher Sessioun 2020/2021 wëll d‘Biergerinitiativ Gemeng
Zur Erëffnung vun der parlamentarescher Sessioun 2020/2021 wëll d‘Biergerinitiativ Gemeng
En Donneschdeg huet d‘Trump-Regierung ugekënnegt, alle Migranten déi net legal
Gesondheet ass en universellt Grondrecht, dat all Mënsch zousteet. Seelen
Den neie Service vum Lëtzebuerger Automobilsclub offréiert Iech net nëmme Renseignementer zum Zoustand, mee bitt och direkt eng Schätzung zur Wäertberechnung vun Ärem Gefier un. Dobäi kann et sech ëm Ären eegenen Auto handelen, deen Dir beispillsweis verkafe wëllt. Och all Persoun, déi um Kaf vun engem méi wéi 20 Joer ale Gefier interesséiert ass, ka vum Service profitéieren an esou erausfannen, op de vum Verkeefer gefrote Präis berechtegt ass.
An dësem Kader erënnert den ACL drun, datt all Persoun, déi de Statut vun engem historesche Gefier (méi wéi 30 Joer) ufroe wëll, den Dossier zur Demande direkt vum Automobilclub preparéiert kritt. Fir all weider Fro kann ee sech ënnert der Telefonsnummer 45 00 45 – 6007 oder per Mail dc1@acl.lu mellen.
Notéiere kann ee sech am Agenda och de 7. an 8. Mäerz 2020. Den ACL an den SNCA wäerten um Autojumble present sinn an op Är Froen äntweren.