Search

You may also like

money
Interpellatioun vum Wirtschaftsminister
Sport

Interpellatioun vum Wirtschaftsminister

Iert gëschter d‘Ministere Gramegna (Finanz) a Fayot (Wirtschaft) an der

Vitesse-Limitatioun: Weiderhi just 90 km/h op der A6 an A1!
Sport

Vitesse-Limitatioun: Weiderhi just 90 km/h op der A6 an A1!

Wéi d’Stroossebauverwaltung matgedeelt huet, soll d’Test-Phas vun der Vitesse-Limitatioun op

Ungarn op en Neits vum EuGH ofgestrooft
Sport

Ungarn op en Neits vum EuGH ofgestrooft

Gentil ass dat net, an datt déi ungaresch Autoritéite Flüchtlingen

ACL-Sport: Grouss Gala fir d‘Laureate vum Automobilsport

ACL-Sport: Grouss Gala fir d‘Laureate vum Automobilsport

Am Munnerefer Casino huet um Samschdeg Bensin an der Loft geleeën. Den ACL, als Member vun der FIA, wou hien duerch säin Departement „ACL-Sport“ vertrueden ass, hat déi bescht Piloten, Co-Piloten an Ecurien agelueden, sech hir verdéngte Präisser iwwerreechen ze loossen.

De President Marc Joseph ass dann och – sécherlech well sech den Owend net fir kontrovers Sujete gëeegent huet – nëmme kuerz op d‘Ännerung vun der Sportskommissioun zum ACL-Sport zréckkomm, an huet sech un den erbruechte Leeschtunge, vun de beim ACL-Lizenzéierte Piloten, erfreet. Mee och d‘Veterane vum Lëtzebuerger Motorsport sinn, wéi all Joer, op e neits geéiert ginn.

Gala

D‘Zukunft läit a Kannerhänn… an alles fänkt iergendwéi mat Karting un. Op dës „Kadetten“ sollt een uecht dinn, do ass nach alles méiglech. © Martine de Lagardère/moien.lu

Aus néng Kategorië sinn déi bescht ausgezeechent ginn. A well et där Nimm esouvill sinn dat et engem kann dronke ginn, ass et schwiereg jidderengem gerecht ze ginn. An se si jo och um Internetsite vum ACL-Sport alleguerten erëmzefannen. Wat eis elo dovunner wäert ofhalen zwee Akzenter ze setzen.

Jidderengem säint

moien.lu konnt a sengem éischte Joer onméiglech all Motorsportevenementer ofdecken, an huet sech op een Haaptevent, an een Espoir konzentréiert. Esou ware mir mat zu Eschduerf derbäi an hunn eis am Karting ëmgekuckt. Iwwerzeegt a begeeschtert huet eis dann déi grouss Hoffnung fir de Lëtzebuerger Motorsport, d‘Zoe Knebler, dat sech als beschte Pilot beim ACL Challenge X30 ervirgedoen huet.

Gala

D‘Piloten aus der Klass X30 (Karting) d‘Zoe Knebler (Mëtt) an de „Rookie“ Pascal Thinnes (riets) sinn d‘Espoire vu muer, an et géif Lëtzebuerg gutt zu Gesiicht stoen, hei Geld bereetzestelle fir déi Talenter ze fërderen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Déi jonk Dame, déi an der Saison 2017 (aus eiser Siicht) deels aus technesche Grënn, net déi verdéngte Podiumsplazen erreecht huet, an awer ëmmer un der Spëtzt matgefuer ass, hat dann och nach keng Chance bei der Weltmeeschterschaft. An déi wier dra gewiescht, wann et dann hätt kënnen untrieden. Wier do net esou e blöde „Blinddarm“ gewiescht deen dat um leschte Stëppel verhënnert hätt.

Autosportler vum Joer 2017

Fir d‘Jury, déi sech huet misse fir den Autosportler vum Joer entscheeden, war et dann och keng liicht Aufgab. Ënnert aacht Kandidaten, wourënner den Equipage Munhowen/Lanners, war d‘Konkurrenz grouss, an eigentlech, soss wieren se wuel och net nominéiert ginn, haten se den „Titel“ all verdéngt.

Gala

Den Dylan Pereira ass aus ersiichtleche Grënn zum Autosportler vum Joer gewielt ginn. An enger Woch ass hien dann och schonn nees op der Piste, an do dierf dat ganzt Land dann och d‘Daimercher drécken. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mee et kann nëmmen ee ginn, an den Automobilsportler 2017 ass keen anere wéi den Dylan Pereira, deen am Porsche Super Cup duerchaus respektabel Resultater ofgeliwwert huet. Dat ënnersträichen och seng Podiumsplaze vu Spa (B), Silverstone (GB) a Spielberg (A), wou den 20järege Lëtzebuerger ëmmerhin allkéiers um drëtten Träpplek gestanen huet.

Foto: De President vun ACL-Sport konnt dank de gudde Leeschtunge vun de Lëtzebuerger Piloten op en erfollegräicht Joer 2017 zréckblécken. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ACL Sport, Automobilsport, Casino 2000, Marc Joseph, Zoé Knebler
Next post Previous post