Search

You may also like

UNO: Palestinensesch Presidence vum G77 ass beschloss
Neiegkeeten

UNO: Palestinensesch Presidence vum G77 ass beschloss

D‘UN-Generalversammlung huet um Dënschdeg de Palestinenser, zum Statut als Observateur,

Kufa Summer Bar: De Programm bis den 18. Juli 2020
Neiegkeeten

Kufa Summer Bar: De Programm bis den 18. Juli 2020

D’Kufa Summer Bar ass aktuell de gesellegen Highlight vun der Kulturfabrik.

Flucht an aner Realitéiten – Dräi Klassiker presentéiert
Neiegkeeten

Flucht an aner Realitéiten – Dräi Klassiker presentéiert

Ech sinn e Bichergeck, ma mir ass d’Loscht op Psychothrilleren

Sécher mam Auto an d’Vakanz – Heirop sollt een dëst Joer oppassen!

Sécher mam Auto an d’Vakanz – Heirop sollt een dëst Joer oppassen!

Wien an dësem Joer mam Auto an d’Vakanz fiert, kënnt am Fall vun enger Pann eventuell duebel an d’Laberenten. De Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) huet eng Alerte erausginn, datt am Ausland, a besonnesch a Frankräich d’Locatiounsgefierer aktuell limitéiert sinn, wat en Impakt op d’Disponibilitéit huet. Op wat sollt een also oppassen?

Am Verglach zur Situatioun virun der Pandemie, hunn d’Acteuren aus dem Secteur ganzer 30 % manner Gefierer am Stock wéi soss. Ma, grad bei enger längerer Rees mam eegene Gefier gëtt dëst besonnesch beusprocht, eng Panne ass ëmmer méiglech. Schnell emol en Ersatzauto zur Verfügung gestallt ze kréien, kéint an dësem Joer eventuell schwiereg ginn.

Den ACL réit dofir dozou, säi Gefier virun der Rees professionell kontrolléieren ze loossen. E Rendez-vous an der Garage oder och am ACL Diagnostic Center sollt een 2 bis 3 Woche virum Depart huelen, sou datt am Eeschtfall Reparaturen nach kënnen duerchgefouert ginn.

Ass ee sech onsécher mam Privatauto, da gëtt engem un d’Häerz geluecht zu Lëtzebuerg en Auto ze lounen. ACL-Membere profitéieren am ACL ClubMobil vu spezielle Konditiounen. Hei ass och garantéiert, datt d’Gefierer reegelméisseg kontrolléiert ginn.

Trotz alle Virsiichtsmoossnamen ass eng Panne trotzdeem ni auszeschléissen. Sollt ënnerwee eppes geschéien, këmmert sech den Assistenzzenter vum Automobilclub ëm eng schnell Léisung. An dësem Kader gëtt drun erënnert d’gratis App „eCall mobile“ erofzelueden, sou datt Dir bei engem Virfall geolokaliséiert gitt an Iech schnell gehollef ka ginn.

Opmaacherbild: © Patcharin Simalhek / Shutterstock

Related topics ACL, ACL DIagnostic Center, Auto, Hëllef, Lëtzebuerger Automobilclub, Locatiounsgefierer, Panne, Vakanz
Next post Previous post