Search

You may also like

Friddensmarsch 2020 – Wisou d’Medezin zum Fridde bäidréit
Neiegkeeten

Friddensmarsch 2020 – Wisou d’Medezin zum Fridde bäidréit

Dëst Joer ass markéiert vun der sanitärer Kris, enger Pandemie

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg
Neiegkeeten

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg

Nach virun engem Joer huet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner der Press

Hues de net genuch Plaz muss de neier Schafen
Neiegkeeten

Hues de net genuch Plaz muss de neier Schafen

Déi flott Police-Cité zu Sandweiler, wou den Etat-Major vun der

#act4support: Eng Campagne zur Ënnerstëtzung vu Jugendlechen

#act4support: Eng Campagne zur Ënnerstëtzung vu Jugendlechen

De Coronavirus a d’Verännerungen an eisem Liewen sinn eng schwéier Ëmstellung fir eis all. Mee Jugendlecher sinn nach e klenge Krack méi dovunner betraff. Dëst huet Auswierkungen op hier psychesch Gesondheet. An déi däerf een net ignoréieren.

A senger Pressekonferenz den 12. Februar 2021 huet den Educatiounsminister Claude Meisch matgedeelt, datt mat #act4support eng Campagne gestart gëtt, ënnert anerem mat Recommandatioune fir déi mental Gesondheet vu jonke Mënschen. Dat kann hëllefen, dës schwéier Zäit ze iwwerwannen.

De CePAS (Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires) ass am Kader vun dëser #act4support Initiativ fir folgend Punke verantwortlech.

Eng Helpline gëttaktivéiert: Ënnert der Nummer 8002-9393 kritt een psychologescht Nolauschteren ugebueden sou wéi Ënnerstëtzung fir Kanner a Familljen a Stresssituatiounen. Dëse Service ass vum CePAS a vum ONE. D’Helpine ass all Dag vun 8 bis 18 Auer ze erreechen.

Eng oppen a fleegend pedagogesch Approche – dofir soll een Depliant suergen: Dësen informéiert d’Schoulpersonal (an dat pedagogescht) op wéi eng Signaler si Uecht mussen ginn. En ënnersträicht och, wéi wichteg een Transfert an de psycho-soziale Beräich ass. Et ginn spezifesch Formatiounen an éischter Hëllef a psychescher Gesondheet ugebueden.

Den Depliant kënnt Dir HEI op Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch fannen.

Fir de pedagogeschen an edukative Lien a Krisenzäiten: De Moment gëtt een hëllefräiche Guide entwéckelt, e gëtt virun der Ouschtervakanz entwéckelt. Dorunner geschafft hunn psycho-sozial an edukativ Beräicher vun de Schoulen, Lycéeën, Jugendhaiser an Organisatioune vu Studenten a Jugendlechen.

Eng Campagne mat a fir déi a Jugendlech – an de soziale Medien: Ënnert dem Hashtag #act4support gëtt d’Jugend dozou opgeruff, positiv Moossnamen an dësen Krisenzäiten ze fërderen, andeems si Solidaritéitsaktiounen deelen an hir positiv Handlunge wäertschätzen.

Weider Informatioune fannt Dir op cepas.public.lu.

Related topics #act4support, Campagne fir Jugendlecher, CEPAS, Claude Meisch, Depliant, Educatioun, Helpline, Recommandatiounen, Wuelbefannen
Next post Previous post