Search

You may also like

Katalounien nom Uerteel
Neiegkeeten

Katalounien nom Uerteel

Och en Dënschdeg hu vill Katalanen sech dem Protest géint

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?

Am Frankräich sinn d‘Feierdeeg eriwwer, zumindest fir de Mouvement vun

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of
Neiegkeeten

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of

Um vergaangene Freideg hunn zu Dikrech 19 fräiwëlleg Zaldoten hiert

#act4support: Jugendlecher engagéieren sech aktiv fir déi d’psychesch Gesondheet

#act4support: Jugendlecher engagéieren sech aktiv fir déi d’psychesch Gesondheet

Déi nei Campagne #act4support vum Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS) an dem Educatiounsministère gouf am Februar 2021 lancéiert. Zil ass et besser op déi psychesch Gesondheet vu jonke Mënschen Uecht ze doen. Dofir goufe informativ Guiden un d’Schoulpersonal an d’Eltere verdeelt. Dës weidere gi spezifesch Formatioune fir dat psycho-sozial-pedagogescht Personal ugebueden. Ma, och déi Jonk selwer maache bei dëser Sensibiliséierungscampagne mat.

Zesumme mam CePAS hunn si eng Boomerang-Kaart realiséiert, d’Entscheedung fir dëst Format hunn si iwwerholl. D’Kaart ass net fir ze verschécken, si déngt haaptsächlech zur Informatioun an ass laang haltbar. Dorop sinn nëtzlech Adressen ze fanne, fir sech déi néideg Hëllef ze sichen.

Zousätzlech dozou kënnegt e Video dës Initiativ un. Dräi Schüler hu sech bereet erkläert, de Message esou vill wéi méiglech ze verschécken. Wa vill Jugendlecher d’Kaart gesinn, vergréissert sech d’Chance, datt jiddwereen déi beschtméiglech Hëllef an Ënnerstëtzung kritt.

Méi wéi 70.000 Kaarte ginn ënnert anerem an den ëffentlechen a private Schoulen, de Jugendzentren, Kinoen an aneren, bei der Jugend beléifte Plazen, verdeelt.

Och ënnert dem Hashtag #dubassneteleng ass eng méi lass. Mat dësem, sou wéi mat #traudech an #youarestrongerthanyouthink wëllen déi Jonk anere Courage maachen an si driwwer informéieren, wéi wichteg et ass, ëm Hëllef ze froen. Dobäi ass et ganz egal ob domat d’Elteren oder aner Vertrauenspersoune gemengt sinn. Esou bedeelegt sech jiddwereen un enger kollektiver Detabuiséierung vun der psychescher Gesondheet.

Zu gudder Lescht diskutéiert eng Aarbechtsgrupp, zesummegesat aus dem CePAS sou wéi aus Fachleit aus dem Beräich vun der psychescher Gesondheet, iwwert d’Zougänglechkeet vun ënnerschiddlechen Déngschter an de Lycéeën. Ausserdeem gëtt e klengt Heft iwwer Beruffsgeheimnis un Léierpersonal, dat pedagogescht Personal souwéi Eltere verdeelt. Et gëtt vun de jonke Leit selwer iwwerschafft, fir datt och si et gutt verstinn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Kimon Leners, CNEL; Laura Dominicy, UNEL; Marie Leshwange-Mokita, CNEL © MENEJ / CePAS

Related topics #act4support, #dubassneteleng, #traudech, Boomerang-Kaart, CEPAS, Educatiounsministère, Psychesch Gesondheet, Sensibiliséierungscampagne
Next post Previous post