Search

You may also like

Wiem gehéiert de Mound? (Video – Däitsch Fassung)
Kultur Neiegkeeten

Wiem gehéiert de Mound? (Video – Däitsch Fassung)

Lëtzebuerg huet sech an déi kommerziell Notzung vun de Weltraumressourcen

Coronavirus: Quarantaine fir Spuenien
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: Quarantaine fir Spuenien

Fir der, duerch de Coronavirus ausgeléiste, Kris eppes entgéint ze

De Minettpark start seng Saison
Kultur Neiegkeeten

De Minettpark start seng Saison

Et fänkt un méi agreabel dobaussen ze ginn an esou

natur&ëmwelt: D’Stad Lëtzebuerg duerch „Action Bounds“ erliewen

natur&ëmwelt: D’Stad Lëtzebuerg duerch „Action Bounds“ erliewen

Mat zwee neie sougenannten „Action Bounds“ bitt natur&ëmwelt Iech déi ideal Méiglechkeet, fir och wärend de Feierdeeg en Erliefnis dobaussen ze hunn an d’Stad Lëtzebuerg nei ze entdecken. Iwwert d’Applikatioun gëtt esou e spannende Rallye mat Quiz gebueden.

Dobäi ass d’Demarche ganz einfach: Lued Iech d’App „Actionbound“ op den Handy oder Tablet, scannt de QR-Code a scho kann et lassgoen. Bei der Versioun „Mat natur&ëmwelt am Stater Park“ gëtt Iech en Tour vun enger Stonn mat villen Infoe gebueden. Den Depart ass am Stater Park, iwwert der Kinnékswiss an der Géigend vum Arrêt Fondation Pescatore.

Uschléissend dirigéiert Iech den Handy, mécht Iech op Elementer an Detailer opmierksam déi Dir vläicht nach net gesinn hutt a gëtt Iech ënnerwee e puer Aufgaben, respektiv Froen, bei deenen Dir just gutt ronderëm Iech kucke musst. Iwwregens gëtt fir all Joreszäit eng Iwwerraschung gebueden. De QR-Code fannt Dir HEI.

Action Bound

Am Kader vu sengem 100. Gebuertsdag ass zousätzlech den Action Bound „100 Joer natur&ëmwelt, dat wërft Froen op“ lancéiert ginn. Heibäi gi 50 Froen zu Natur- an Ëmweltthemen gestallt, déi gemitterlech vun Doheem aus beäntwert kënne ginn. Hëllef bitt dobäi d’Jubiläumsbuch „E Bléck an eis Natur vun A-Z“. De QR-Code fannt Dir HEI.

Mir wënsche vill Spaass!

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics 100 Joer natur&ëmwelt dat wërft Froen op, Action Bound, Applikatioun, Mat natur&ëmwelt am Stater Park, natur&ëmwelt, Rallye, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post