CovidCheck: Adaptatiounen un d’Infrastrukturen an d’Aktivitéite vun der Stad Lëtzebuerg

Am Kader an am Kampf géint d’Coronapandemie, koum et de 16. Dezember zu diversen Ännerungen am Covid-Gesetz, wat de 17. Juli 2020 gestëmmt gouf.

Dovunner sinn och Infrastrukturen an Aktivitéite vun der Stad Lëtzebuerg betraff. D’Adaptatioune sinn de 17. Dezember a Kraaft getrueden.

Infrastrukturen ewéi d’Cinemathéik oder den Theater ënnerleien elo dem 2G CovidCheck – fir Persounen ab 19 Joer. Et muss dru geduecht ginn, datt 3G Reegelung nach fir Kanner ab 12 Joer an 2 Méint gëllt.

Sämtlech Sportinfrastrukturen ënnerleien och dem 2G CovidCheck. Déi 3G Reegelung vu Kanner ab 12 Joer an 2 Méint ass hei och unzewennen.

D’Wantermäert a Seniorenaktivitéite falen ënnert déi nei 2G Reegelung. Concernéiert mussen ee gültegen Impfpass oder ee Certificat virweisen, datt si d’Infektioun schonn haten an nees gesond sinn.

Bei der 3G Reegelung muss d’Persoun entweder den Impfpass, een negative PCR-Test oder ee Certificat virweisen, datt si d’Infektioun schonn hat an nees gesond ass an eng Identitéitskaart virweisen.

Verwaltungsgebaier, Dokumentatiounszenteren a Muséeë si fir d’Ëffentlechkeet zougänglech. Hei heescht et sech konsequent un d’Sécherheetsmoossnamen ze halen – d’Distanz, Maskeschutz an d’Hänn desinfizéieren.

Dernières nouvelles