Search

You may also like

Oppene Bréif un d’Direktioun vum LCD a jiddereen am MENJE, deen zoustänneg ass, d’Virwërf géint ee Proff aus dem LCD opzeschaffen
Meenung Neiegkeeten

Oppene Bréif un d’Direktioun vum LCD a jiddereen am MENJE, deen zoustänneg ass, d’Virwërf géint ee Proff aus dem LCD opzeschaffen

Wat am LCD geschitt ass bzw. ebe grad net geschitt

Trump weider an der Schosslinn
Meenung Neiegkeeten

Trump weider an der Schosslinn

Am Kader vun der Enquête iwwert méiglech Verbindunge vu Memberen

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen
Meenung Neiegkeeten

US-President muss Pressekonferenz ofbriechen

Eigentlech hat sech de gréisste Leader an der Geschicht vun

Heiansdo ass keng Äntwert och eng Äntwert

Heiansdo ass keng Äntwert och eng Äntwert

Nodeems sech Mëtt September d‘Madamm Edmée Bisenius an hirem „Oppene Bréif“ iwwert déi nei Ausriichtung vum Service „Adapto“ geiergert huet, dat wëll hir Mamm vun 90 Joer widderholl „stoe“ gelooss gouf, respektiv zolidd Problemer hat an d‘Mobilitéitszentral keng Hëllef war, firwat d‘Fra dann och méi wéi eng Kéier mam Taxi huet missen heemfueren, gëtt et elo eng Äntwert.

Interessanterweis, gouf an dësem offizielle Schreiwes nach emol erkläert, datt 2020 de System Adapto reforméiert gouf, wëll engersäits d‘Faarte regroupéiert ginn an anersäits iwwert eng Zentral dat Ganzt soll méi effikass gestalt ginn. De System krut och eng Applikatioun (App) mat där d‘Leit „einfach a selbstänneg“ hir Faart buche kënnen. Fir eng Damm vun 90 Joer ass dat net praktikabel.

Et gëtt zudeem nach emol drop higewisen, datt nodeems der eelerer Damm hir Demande fir eng Adapto-Kaart ugeholl gouf, wieren hir zesumme mat dëser Kaart, déi generell Konditioune fir den Accès an d‘Notzung vun dësem Déngscht mach emol schrëftlech bäigeluecht ginn. Hai gëtt och nach emol däitlech drop higewisen, datt den Adapto ee renge Fuerdéngscht ass, keen Taxi.

Wann eng spezifesch Assistenz néideg ass, wier de Service Adapto – dee jo weder ee Fleeg nach Sozialhëllef bitt – duerch en Taxi/Taxi-Ambulanz ze ersetzen. De Chauffer vum Adapto kéint zwar de Leit hëllefen an de Bus ze klammen an dierf beim „ustrécke“ behëlleflech sinn.

An Ausnamefäll, an ënnert de Konditioun datt et soss keng Passagéier huet, kann de Chauffer eng Persoun, déi net gutt gesäit oder blann ass „och emol iwwert den Trottoir bei d‘Hausdier begleeden“. Dat ass bosseg, wëll aus dem Saz geet eendeiteg ervir, datt en Accompagnement fir Persounen déi näischt oder schlecht gesinn, nëmmen dann och méiglech ass wa soss kee matfiert.

Telefonie… och esou ee Problem

En weidere Problem deen am oppene Bréif opgeworf gouf: „déi franséisch Telefonsnummer“ mat där et dem Adapto-Client sollt méiglech sinn, direkt mam Chauffer a Verbindung ze trieden. Heifir gouf den 1. September eng nei Applikatioun lancéiert. Heiriwwer ass et technesch méiglech, dem Chauffer och eng Kuerznoriicht ze hannerloossen. Eigentlech keng schlecht Iddi, mee den Alter…

Wat déi „franséisch Telefonsnummer“ betrëfft, esou geet aus der Erklärung ervir, datt een huet missen op ee friemlänneschen Operateur zeréckgräifen, well et kee Lëtzebuerger Provider hätt, deen esou Service mat verdeckter Nummer géif ubidden, wat awer aus Grënn vum Dateschutz eng zwéngend Viraussetzung ass. Datt et keen nationalen Operateur gëtt, stëmmt esou leider net, d‘Redaktioun huet Operateuren (ausser POST) ugeschwat, an déi hunn dofir kee Versteesdemech.

Hei géif ee sech iwwert eng méi däitlech Erklärung zur App-Operabilitéit freeën. Datt d‘App fir Mënschen déi schlecht gesinn oder blann sinn, dank WCAG 2.0 (déi deemnächst en Update kritt) och accessibel ass, ass wuel flott an zugläich wuel och dat mannst wat een sech 2021 erwaarden dierf. Den eigentleche Problem ass domadder dann an dësem Fall leider net geléist.

Elo kann een duerchaus de Standpunkt vertrieden, datt och Adapto-Clienten sech mat den neie Virgaben entspriechend der Reform mussen offannen, wat fir jonk Senioren esou duerchaus ka guttgeheescht ginn. Wien elo awer eeler ass, an net mat den neien Technologien eens gëtt, sollt net op der Streck bleiwen, an fir seng Soinen net op den Taxi /Ambulanz-Taxi ugewise sinn, just wëll dat mat der Kommunikatioun nei Hürden opstellt. Digitaliséieren ass gutt, Vernonft ass besser.

Illustratioun: © OGBL

Annex: Hei nach d‘Lienen zu den Applikatioune jee no genotztem System

Related topics ADAPTO, Applikatioun, Kommunikatioun, Mobilitéitszentral, SMS, Transportministère, Voice-Call
Next post Previous post