Search

You may also like

This Day in History: D’Massaker vu Louvain
Neiegkeeten

This Day in History: D’Massaker vu Louvain

De 25. August 1914 hunn déi däitsch Truppen, déi zu

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un
Neiegkeeten

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un

Wéi d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) an den Direkter vun der

Reesen wärend der Pandemie: #VakanzDoheem schéngt Erfolleg gehat ze hunn
Neiegkeeten

Reesen wärend der Pandemie: #VakanzDoheem schéngt Erfolleg gehat ze hunn

Dräi mol am Joer mécht de STATEC eng Etüd zu

Vum 1. Mäerz u sinn d’aktuell Kaarte fir den Adapto-Transport net méi valabel

Vum 1. Mäerz u sinn d’aktuell Kaarte fir den Adapto-Transport net méi valabel

Vun deem Datum u changéieren nämlech d’Konditiounen an dës Transporter gi gratis. Deemno mussen d’Benotzer, déi aktuell op den Adapto zeréckgräifen, eng nei Demande stelle mat engem neie Certificat vun engem Dokter.

D’Patiente Vertriedung an d’Amiperas stelle fest, datt et de concernéierte behënnerten an eelere Leit net wäert méiglech sinn, bannent deem Delai vu nëmmen engem Mount en Dokter opzesichen. Duerfir soll deen Delai verlängert ginn.

Hei muss een sech och d’Fro stelle vun der Finanzéierung, wann den Dokter eng „visite majorée“ verrechent, déi nëmmen all 6 Méint vun der Gesondheetskeess rembourséiert gëtt, da misse Leit déi oft finanziell schonn net gutt do stinn dat aus hirer eegener Täsch bezuelen. Wann d’Gesondheetskeess et awer rembourséiert, gëtt eis Gesondheetskeess fir eng Hallef Millioun Euro belaascht.

10.000 zum gréissten Deel eeler, respektiv handicapéiert Leit sinn vun dëser Reform betraff a mussen elo mat den neie Konditioune liewen. En anere Problem gesinn d’Patiente Vertriedung an d’Amiperas bei de Sammel-Transporter, woubäi bei Doktesch- oder Spidol-Rendez-vouse mat gréissere Problemer ze rechne wier. Dofir d’Revendicatioun, datt Eenzeltransporter misste méiglech bleiwen.

Leider ass dëse Formulaire och nëmmen Online ze fannen. Eng weider Hürd fir eeler Leit a Leit déi net ëmmer selwer een Zougang zum Internet hunn.

D’Patiente Vertriedung an d’Amiperas fuerderen och eng méi grouss Transparenz, et ass eng grouss Veronsécherung ze spieren an d’Patiente Vertriedung kritt eng sëllechen Appeller wou Patiente froe wéi een sech dann elo muss an soll uleeë. Dofir soll de Ministère oppe kommunizéiere wat dann elo d’Critèrë sinn fir nach eng Adapto-Kaart ze kréien. Wei een Service kuckt dat no, ass do den „Secret Medical“ nach assuréiert ass?

E weidere Kritikpunkt ass och nach d’Zuel vun den Faarten, dëst sinn elo 360 Faarten, wat, wann een et ofrechent ob de Mount, nach ëmmer nëmme 15 Aller-Retour Faarte sinn. Also am Fong bléift och do alles beim Alen, Leit mat Behënnerung déi Kanner hunn, déi an engem Veräin aktiv sinn, etc, komme mat esou enger Unzuel ganz bestëmmt net aus. Dofir fuerderen d’Patiente Vertriedung an d’Amiperas och do weider eng Verbesserung vun dem Adapto Service.

En Conclusioun fuerderen d’Patiente Vertriedung an d’Amiperas de Minister op, d’Adapto-Reform à la Base z’iwwerschaffen an de Realitéite vun den eeleren an kranke Leit unzepassen, déi op dës Transporter ugewise sinn.

Matgedeelt vun der Patiente Vertriedung Asbl

Illustratioun: Waldryano / Pixabay

Related topics ADAPTO, Amiperas, Ëffentlechen Transport, Patiente Vertriedung Asbl, Reform
Next post Previous post