Search

You may also like

A Gedenken un de Patrick Swayze
Neiegkeeten

A Gedenken un de Patrick Swayze

„Mein Baby gehört zu mir“ – Dëse Saz aus dem

D’Schlammwiss a seng Bewunner – En Erliefnis an der Natur!
Neiegkeeten

D’Schlammwiss a seng Bewunner – En Erliefnis an der Natur!

Reegelméisseg invitéiert natur&ëmwelt op seng Visitte vun der Schlammwiss an

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?
Neiegkeeten

Luxembourgite: Krankheet oder nei entdecktent Mineral?

Wat den éischten Abléck wéi no enger Krankheet kléngt, ass

E Land seet sengem Groussherzog Äddi

Esouguer d‘Engelen am Himmel hunn Tréine vergoss

E Land seet sengem Groussherzog Äddi

Et hunn um Samschdegmueren däischter Wolleken iwwert eiser Haaptstad gehaangen, d‘Leit an de Stroossen haten sech waarm agepaakt, a ville Gesiichter war den Eescht vun dësem bedeitenden Dag ofzeliesen. Haut um 4. Mee, huet eis de Groussherzog Jean fir ëmmer „Äddi“ gesot, et ass fir d‘Lëtzebuerger en trauregen Dag.

Kal an naass war et de Moien, an och mir haten d‘Häerz schwéier. Dat huet awer keen ofgehalen, eisem allsäits beléifte Monarch eng lescht Éier ze erweisen. An et waren dann och net emol déi eeler Generatiounen, déi an der éischter rei gestane sinn. Ugesiichts den Temperaturen, waren eis Scoute wuel éischter eppes liicht gekleet, mee se sinn jo och net aus Zocker.

Op all Meter ware Kameraen opgestallt, eng helle Wull u Polizisten, Zaldoten a Secouriste waren am Asaz, iwwerall si Journaliste ronderëm gelaf oder hunn drop gewaart datt et lass geet. Aus Sécherheetsgrënn – wat an haidegen Zäite leider noutwenneg ass – hunn all déi Leit, déi um offizielle Part deelgeholl, sech fir eng lescht Kontroll mat Zäite misse presentéieren.

Groussherzog

© Martine de Lagardère/moien.lu

Ab 10.30 Auer du sinn déi éischt Honoratioren da vum groussherzogleche Palais an d‘Kathedral gefouert ginn. Um 11 Auer dann d‘Opstellung vun der Police an der Militärmusek, esou wéi den Optrëtt vum Klerus, hei an der Persoun vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, deen ëmgi war vun enger ganzer Hickecht Massendénger. Och hei, haaptsächlech eescht Gesiichter…

Pénktlech huet sech den Trauerzuch mam Sarg vum Groussherzog a Bewegung gesat. Esou wéi et de Protokoll verlaangt, ass déi groussherzoglech Famill hannert dem verstuerwene Monarch matgaangen, op kuerzer Distanz gefollegt vum Premier Xavier Bettel an dem Chamberpresident, Fernand Etgen. D‘Undeelnam vun de Personalitéiten am Cortège war mat Hänn ze gräifen.

Wien keng Plaz an der Kathedral kritt hat, oder och vläicht guer dohinner wollt, dee konnt um grousse Schierm – dee fir dëse besonneschen Zweck op der Plëss opgestallt ginn ass – d‘Zeremonie verfollegen. Natierlech hunn och ganz vill Leit den offiziellen Deel, entweder live op der Tëlee oder am Livestream op Internet verfollegt. Kuerz viru 14.30 Auer war den ëffentlechen Deel ofgeschloss.

Foto: De Groussherzog Jean ass vu senger Famill a vum Lëtzebuerger Vollek op sengem leeschte Wee begleet ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Äerzbëschof, Groussherzog Jean, groussherzoglech Famill, Jean-Claude Hollerich, Monarchie
Next post Previous post