Search

You may also like

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond
Kultur Neiegkeeten

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond

Um Rot fir „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel, un deem

Den „Eschlescher“ vun der Sauer
Kultur Neiegkeeten

Den „Eschlescher“ vun der Sauer

Wat engem am klenge Geschäft – an natierlech och um

Wäissrussland: 99 Protestdeeg!
Kultur Neiegkeeten

Wäissrussland: 99 Protestdeeg!

Zanter dem Walbedruch vum 9. August ginn d‘Bierger a Wäissrussland

Äddi Jay, du waars net keen!

Do hätt sech de Kinneksbond kee besseren Numm fir dës Virstellung ausdenke kënnen. En trëfft den Nol op de Kapp. Den Här Schiltz war eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet, därmir nach méi an onsem Land gebrauche kéinten. Hie war aussergewéinlech – e Lëtzebuerger Journalist, Auteur, Kabarettist, Mann, Frënd an nach sou villes méi.

Zanter 1996 huet hie Schülerreese mat Visitte vum KZ Auschwitz-Birkenau a Polen begleet. Déi Reese hunn den Ustouss gi fir d’Buch Aschengänger – Erzählung einer langen Reise ze schreiwen, dat 2003 erauskoum. Ech kann et just recommandéieren!

Et war nawell en emotionalen Owend. Um Programm stoungen dem Jay Schiltz seng Texter a seng Sprooch: Radios-Commentairen, Kulturbaiträg aus der „Tageblatt“-Bäilag „Kulturissimo“, säin „Aschengänger: Erzählung einer langen Reise“, Auszich aus Theaterstécker a politesch Cabaret-Texter.

Jay

Politesch a sozialkritesch

Den Här Schiltz huet eis vun do uewen aus de Spigel vun der nawell batterer Wourecht virun d’Nues gehalen. Respekt fir dës Gedanken an de Courage haart an d’Welt erauszejäizen.

Musikalesch an Zeen gesat gouf den Owend vum Christophe Reitz, deen dacks fir Héngerhaut gesuergt huet. Mä eppes Wichteges huet gefeelt – déi onverkennbar Stëmm vum Auteur. Den Owend, dee gutt 95 Minutten gedauert huet, ass ewéi am Fluch vergaangen. Net nëmmen ech hunn de Sall mat engem laachenden a kräischenden A verlooss.

D’Sécherheetsmoossname goufe virbildlech agehalen a fir Iessen a Gedrénks war gesuergt. D’Gäscht goufen nawell häerzlech empfaangen, ech kann d’Organisatioun just luewen.

Och ech hat d’Gléck den Här Schiltz eemol perséinlech kennegeléiert ze hunn. Dofir war et mir eng grouss Freed, dës Virstellung besichen ze kënnen. Et war en leschten Äddi. Een Erëmgesinn. Eng Erënnerung, déi de Wonsch a mir ausgeléist huet, meng eegen Dreem ze erfëllen. D’Liewen ze liewen. Op Gerechtegkeet uecht ze dinn. Mat allem wat kënnt, well et gëtt näischt fir näischt.

Op der Invitatioun vum Kinneksbond steet, datt dem Jay Schiltz seng Texter am Mëttelpunkt stinn, ma dat ass net richteg. Et waren net seng Texter a seng Gedanken. Den Här Schiltz selwer war de Mëttelpunkt vum Owend. Och wann e leider net present war.

Do bleift just nach eppes ze soen:

Merci Jay – Du waars net keen!

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu dësem fantasteschen an emotionalen Owend © Boshua

Related topics Äddi Jay du wars net keen!, Aschengänger: Erzählung einer langen Reise, Éierebierger, Emotionalen Owend, Jay Schiltz, Journalist Auteur, Kinneksbond, Mamer, Mëttelpunkt, Ofschid, Sympathie, Wäermt
Next post Previous post