Search

You may also like

Lëtzebuerg huet en neien Drogenaktiounsplang
International Kultur

Lëtzebuerg huet en neien Drogenaktiounsplang

Gëschter hunn d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den nationalen Drogebeoptraagten Alain

Claire Laffut um Siren’s Call 2019
International Kultur

Claire Laffut um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

D’PARTEI: Zensur op Facebook an Opruff zur Demo
International Kultur

D’PARTEI: Zensur op Facebook an Opruff zur Demo

D’PARTEI ass op der social Media-Plattform Facebook gespaart ginn an

Äddi Malcolm, du waars ee vun de gréissten

Äddi Malcolm, du waars ee vun de gréissten

Gëschter huet AC/DC, déi legendär Hard-Rock Band, ee vu senge Grënnungsmembere verluer. De Gittarist Malcolm Young huet millioune Fans zu Wësekanner gemaach. Och mat 64 Joer kann een „too young to die“ sinn.

De Malcolm Young, dee säit Joren ënner Demenz gelidden huet, hat 2014 missen seng „Pensioun“ huelen, dat nach kuerz virum erschénge vum Album „Rock or Bust“. Säin Dout huet an der Musekswelt fir ganz vill Undeelnam gesuergt, wéi een et op Twitter huet dierfe materliewen.

„Merci fir e Bestanddeel vu mengem musikalesche Liewe gewiescht ze sinn. Deng Musek ass d’Definitioun vun der Zäitlosegkeet“, esou de Lars Urlich, Drummer vu Metallica, während eng aner Legend vum Hard-Rock, den Ozzy Osbourne sech „ ganz traureg“ iwwert dëse Verloscht ausgedréckt huet: „Hie wäert eis schrecklech feelen“.

De Paul Stanley, Gittarist a Sänger vu KISS huet och Ofschid vum „Moteur vun AC/DC“ geholl: „En tragescht Enn fir eng verkannt Ikon. Ee vun de wierklech Groussen“.

Mediatesch net esou siichtbar wéi säi Brudder Angus Young, dee sech seng Renommée als „Schoulbouf“ verdéngt huet, war de Malcolm Young déi dreiwend Kraaft vun AC/DC. Eng Ausso déi den Angus esou bestätegt, bei der Annonce vum Dout op der Facebooksäit vum Grupp.

Als Brudder ass et fir mech schwéier zum Ausdrock ze brénge wat hie mir während mengem Liewe bedeit huet. De Lien dee mir hate war eenzegaarteg. (…) Hien hannerléisst en Iewen dat éiweg Lieweg bleift

Angus Young

De Malcolm Young ass am Krees vun senge „Leit“ ageschlof, nëmmen e puer Wochen nom Dout vun anere Brudder George Young, Museker vun den „Easybeats“ a als Mentor vun AC/DC beschriwwen.

„Get it out loud“

De Malcolm Young, gebuer de 6. Januar 1953, war dat sechst Kand vun néng, aus enger schottescher Famill déi op Sydney ausgewandert war. Seng Jugend war gepräägt vum Sound vum Jerry Lee Lewis, Little Richerd an Chuck Berry.

Mat zwanzeg huet hie beschloss eng Grupp ze forméieren an huet säi Brudder, deemools 14 Joer jonk, awer scho mat enger explosiver Perséinlechkeet ausstafféiert, an d’Band opgeholl. Si hunn sech fir de Numm „AC/DC“ entscheet, d’Bezeechnung vir alternative Stroum/Gläichstroum (mee am englesche Slang als „mat Seegelen a mat Damp“ ze verstoen). Si ginn hiren éischte Concert 1973.

„Mir huelen eis selwer net ze vill eescht, och wa mir ee groussen Zeene-Grupp sinn. Onsen Erfolleg ass méi op eis Optrëtter zréckzeféiere wéi op eis Alben“ esou de Malcom Young an engem Interview mam Journal „Le Monde“ am Joer 2000.

Säit hiren Ufäng huet AC/DC wäit iwwer 200 Milliounen Tounträger verkaf a Klassiker komposéiert déi an all de Stadien op der Welt gesonge ginn. Hymne wéi „Highway to Hell“, „Let there be Rock“ oder och „Black in Black“ gehéieren zum musikalesche Patrimoine vun der Welt.

Merci fir e Bestanddeel vu mengem musikalesche Liewe gewiescht ze sinn. Deng Musek ass d’Definitioun vun der Zäitlosegkeet

Lars Urlich, Metallica

Gewinnt un Optrëtter déi ëmmer „Faarweg“ an „Haart“ waren, sinn d’Fans es sech ni midd ginn dem Angus Young senge Soloen zouzewennen, oder der héijer Stëmm vum Brian Johnson, deem de „Mikro“ säit 1980 „gehéiert“. Mee och d’Drums, déi esou gewalteg geklongen hunn wéi en australescht Donnerwieder, an esou Kanouneschëss bei den ongezielte Rapellen.

Mee AC/DC huet och eng beweegte Vergaangenheet an huet sech oft missen nei opstellen: eng éischte Kéier 1980, nom Dout vum Sänger Bon Scott, dee no enger Sauffegt dem „Ferryman“ eng „Dime“ an de Grapp sollt drécken.

Méi Rezent, huet sech AC/DC vum Drummer Phill Rudd missen trennen. Dee war an Neiséiland wéinst Morddreeungen a Besëtz vun Droge veruerteelt ginn. D’lescht Joer dann, de gezwongene Récktrëtt vum Sänger Brian Johnson, deen Bühn huet misse verloosse fir net Daf ze ginn.

Et hätt ee misse mengen, datt et d’Enn vun AC/DC wier. De fréier Sänger vu Guns n’Roses, Axl Rose huet dat verhënnert an sech direkt engagéiert fir d’Tournée vun AC/DC weider lafen ze loossen.

mam Aurélie Mayembo/AFP

Foto: (v.l.n.r.) De Sänger Brian Johnson mat de Bridder Malcom an Angus Young beim legendäre Concert zu Bercy am September 1984. © Jean-Claude Coutausse/AFP

Related topics AC/DC, Angus Young, Hard-Rock, Malcolm Young
Next post Previous post