Search

You may also like

De soziale Bilan vun der LSAP
Neiegkeeten

De soziale Bilan vun der LSAP

Am Kontext vum éischte Joer vun der neier Legislaturperiod –

Wéi de Marc Hansen a FEDIL Entreprisë bei der Digitalisatioun begleede wëllen
Neiegkeeten

Wéi de Marc Hansen a FEDIL Entreprisë bei der Digitalisatioun begleede wëllen

Gëschter huet den delegéierten Digitalisatiounsminister Marc Hansen d’Delegatioun vun der

Pakistan erlieft en déidleche Wanterabroch
Neiegkeeten

Pakistan erlieft en déidleche Wanterabroch

Et ass en heftege Wanterabroch mat deem Pakistan, an d‘Nopeschland

Situatiounsiwwersiicht vum Aarbechtsmaart

Enn Juni waren zu Lëtzebuerg 19.876 Demandeuren op der ADEM ageschriwwen

Situatiounsiwwersiicht vum Aarbechtsmaart

Wann et ze erwaarde war, dat eng vun de Folge vun der sanitärer Kris, och d‘Hausse vum Chômage ass, esou wäert sech d‘Lag am Kontext vun der bevirstoender Wirtschaftskris net verbesseren. Dat ass och dem Fait geschëlt, datt elo am Juli, ganz vill jonk Mënsche wäerten op den Aarbechtsmaart kommen, wëll si hir Studien ofgeschloss hunn.

An da muss beduecht ginn, datt d‘Kuerzaarbecht, déi jo op all d‘Secteuren ausgewäit ginn ass, elo och op en Enn geet. Den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) huet dann och keen Heel dorausser gemaach, dat bezunn op de Chômage, déi schwiereg Zäiten eréischt op eis duer kommen. Am Juni hat et am verglach zu 2019, eng Hausse vun 32,2% ginn.

Am Juni goufen op der ADEM 1.898 nei Dossieren opgemaach, wärend d‘Zuel vun den Dossieren déi konnten zougemaach ginn, signifikant ofgeholl huet, och hei bezunn op de Verglach zu 2019. D‘Zuel vun de Residenten déi Demandeur sinn, huet ëm ronn 3.000 Unitéiten zougeholl, a läit elo bei iwwer 10.000 Unitéiten. D‘Aarbechtsmesuren huelen dann och of.

Mat der wirtschaftlecher Reprise huet et allerdéngs och nees méi oppe Stelle ginn. Am Verglach zu 2019 muss een hei awer eng Baisse vu 16,5% notéieren. Déi den Ament am stäerkste betraffe Leit sinn déi Jonk ënner 30 Joer. Hei si ronn 4.400 Mënschen op der Sich no enger Schaff (+52% géintiwwer 2019), mee och déi aner Altersklassen si betraff.

Beonrouegend ass och d‘Feststellung, datt mëttlerweil ronn 4.800 Demandeuren en Diplom aus dem Enseignement Superieur (Héichschoul) hunn (+44,3%). Bei Secondaire Superieur läit d‘Hausse bei +37,7%, beim Secondaire Inferieur sinn et 23,5%. Gläichzäiteg ginn awer ëmmer méi héich qualifizéiert Mataarbechter vun Industrie a Wirtschaft gefuerdert.

A wien dat nach net genuch schlecht Nouvelle sinn, esou muss och nach op déi vill schon an Ugrëff geholl Sozialpläng verwise ginn. Woubäi hei déi bevirstoend, wéi beispillsweis bei der Luxguard nach ausstinn. Et dierft also net schwéier ze verstoe sinn, datt do nach ganz rau Zäiten op eist Land duerkommen. D‘Gewerkschaften si jiddefalls alarméiert.

Illustratioun: © Chris Liverani / unsplash

Related topics ADEM, Chômage, Covid19- Kris, Demandeuren, Wirtschaftskris
Next post Previous post