Search

You may also like

Gréng Verlugenheet: Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert an Ueleg an a Kuel
Neiegkeeten

Gréng Verlugenheet: Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert an Ueleg an a Kuel

De staatleche Lëtzebuerger Pensiounsfong (Fonds de Compensation, FDC) investéiert trotz

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?
Neiegkeeten

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?

Ettelbréck geet et wéi ville klenge Stied an Europa: Hier

Neiséiland stoppt maritim Déierentransporter
Neiegkeeten

Neiséiland stoppt maritim Déierentransporter

Am Hierscht 2020, war ee Frachtschëff mat ronn 5.800 Randbéischte

Adler Mode S.A. huet säi Kollektivvertrag verbessert an erneiert

Adler Mode S.A. huet säi Kollektivvertrag verbessert an erneiert

Zesumme mat der Direktioun vun Adler Mode S.A. Lëtzebuerg huet den OGBL säi Kollektivvertrag erneiert. D’Geschäfter zu Féiz, Stroossen an op der Wemperhardt zielen insgesamt 75 Mataarbechter.

D’Ënnerschreiwe vum Vertrag war eigentlech fir Mäerz 2020 virgesinn, huet awer duerch d’Pandemie misse verluecht ginn. All Verhandlunge sinn a konstruktivem Klima verlaf.

De Kollektivvertrag beleeft sech op 36 Méint, also vum 1. Januar 2020 bis den 31. Dezember 2020. Folgend Ännerunge goufe virgeholl:

  • Erhéijung vun der Lountabell mat engem Plus vu 45 Euro pro Mount am Verglach zum fréiere Kollektivvertrag (d’Erhéijung gëtt retroaktiv op den 1. Januar 2020 ugewannt);
  • Upassung vum Text zu den aussergewéinleche Congéen zur Gebuert vun engem Kand a Feierdeeg;
  • Eng Hospitalisatioun huet keen negativen Impakt méi op d’Primm fir Chrëschtdag;
  • Erhéijung vu 4 Stonnen vum jäerleche Congé, wouduerch d’Mataarbechter op 29 Deeg kommen
    • 30 Deeg ab dem 5. Joer am Betrib
    • 31 Deeg ab dem 10. Joer am Betrib
Related topics Adler Mode S.A., Congé, Erneierung, Kollektivvertrag, Lountabell, OGBL, Paye, Primm, Signatur
Next post Previous post