Search

You may also like

money
De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden
Neiegkeeten WTF

De Konsumenteschutz nach ëmmer mat de Banken an der Post onzefridden

Bei der Auditioun vum 25. Oktober haten déi verantwortlech vum

Den Déiereschutz an der Verfassung verankeren
Neiegkeeten WTF

Den Déiereschutz an der Verfassung verankeren

Aus Aktualitéitsgrënn ass d‘ADR un vergaangenen Donneschdeg op den Déiereschutz

Eng Maniff fir „Séchert Vëlofueren Elo!“
Neiegkeeten WTF

Eng Maniff fir „Séchert Vëlofueren Elo!“

Nodeems d‘Asbl ProVelo déi lescht Woch zu enger Vëlosmaniff agelueden,

surprise

Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?

Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?

Um Freideg huet déi politesch Wahlkoalitioun vun ADR a Wee 2050 zu Nidderfeelen d‘Kandidate fir d‘Chamberwahlen 2018 virgestallt. Si gesinn sech an der Mëtt vun der Gesellschaft a wëllen all d‘Bierger vum Land, mam Motto „Är Stëmm fir Lëtzebuerg“, fir hire Programm begeeschteren.

Iert et zur Virstellung vun de Kandidate komm ass, huet den ADR-Parteipresident Jean Schoos d‘Assemblée gebueden en Ament un d‘Affer vun den Iwwerschwemmungen ze denken. Hien huet dann och all de Männer a Frae vun de Rettungsdéngschter, mee och eisen Zaldoten e grousse Merci ausgeschwat, déi sech onermiddlech fir déi Betraffen asetzen.

Eng kloer Sproch schwätzen

De Jean Schoos huet a senger Usproch virun de Kandidaten a Militante vun der Partei drop higewisen, datt d‘Reformpartei sech an der Mëtt vun der Gesellschaft etabléiert huet, an entgéint enger vun de sougenannte Volleksparteie propagéiert Meenung, net vun der Realitéit lassgeléist ass, mee d‘Suerge vun de Bierger eescht hëlt.

Wie kee Blat virun de Mond hëlt wier wuel net „bequem“, woubäi eng kloer Sprooch a couragéiert Positiounen awer besser wieren, wéi Wahlverspriechen an d‘Welt ze setzen, vun deene gewosst ass, datt se net ze hale sinn. D‘Wourecht, op beim Logementsproblem, der Renten- a Sproochepolitik, mee och bei der Mobilitéit oder der Integratioun, héiert kee gären.

Et kann een dat awer net ausblennen, ganz am Géigendeel. Déi verhältnesméisseg gutt Konjunktur dierft dann och net genotzt ginn, fir eng gesond sozial Kohäsioun virzetäuschen. Och zu Lëtzebuerg misst ee sech mat der Aarmut ausenanersetzen an dofir si couragéiert Kandidate gefuerdert. De Jean Schoos leet grousse Wäert drop, all gesellschaftlech Schichte vum Land ze berécksiichtegen.

Respektvoll mateneen ëmgoen

Hie verséchert, datt seng Kandidaten sech fir e moderate wirtschaftlechen an demographesche Wuesstem wäerten asetzen, sech staark maache fir datt d‘Wunnen och nees bezuelbar gëtt, a kee méi gezwonge gëtt sech aus finanzielle Grënn am Ausland néierzeloossen. Zudeem solle Familljen, déi sech entscheeden hir Kanner doheem ze erzéien, net penaliséiert ginn.

Den ADR huet dann och erkannt, datt d‘Land „Faarweg“ ass, an wëll sech fir eng positiv Integratioun asetzen. Eng Integratioun déi nëmmen dann erfollegräich, mam Erléiere vun der Sprooch an dem Respekt vun eise Wäerter an Traditiounen, gelénge kann. Et ass net „vu wou een hir kënnt“, mee „d‘Wësse wou een ukomm ass“, dat d‘Integratioun an d‘Zesummeliewe bestëmmt.

Argumenter déi vun deem engen oder aneren als „populistesch“ bezeechent ginn, an awer och de Nerv vun der Zäit treffen. Den ADR wëll sech net de Stempel vun enger „xenophober“ Partei opdrécke loossen, a verweist op déi sëlleche Kandidaten a Militanten an der Partei, déi sech hirer Hierkonft net schummen, mee sech hirer neier Heemecht verflicht fillen.

D‘Gesiichter vun de Kandidate sinn dann elo bekannt, feelt nach just de Programm. An deen ass et dann och deen zu gudder Lescht „d‘Mëtt vun der Gesellschaft“ iwwerzeege muss. Woubäi den ADR zouversiichtlech ass, datt all d‘Spëtzekandidaten an hir Equippen aus de véier Bezierker wéinstens zwee weider Mandater erreeche sollten.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics adr, Chamberwahlen 2018
Next post Previous post