Search

You may also like

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum
Meenung Neiegkeeten

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum

Eigentlech hat sech den US-President drop gefreet, matten am US-Wahlkampf

e-Lake 2019 – Ee fiichte Festival mat Bosse, Querbeat a Co
Meenung Neiegkeeten

e-Lake 2019 – Ee fiichte Festival mat Bosse, Querbeat a Co

Wat ee Weekend um Iechternacher Séi! Och an dësem Joer

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun

Haut viru 51 Joer huet d’Medezin een enorme Fortschrëtt gefeiert.

D’ADR wëll Chrëschtdag net opginn!

D’ADR wëll Chrëschtdag net opginn!

D’ADR bedauert, datt d’Regierung elo an der Chrëschtzäit keng Ännerung vun hirer Politik virgesäit, a sief et nëmmen eng zäitweileg Erliichterung iwwer d’Feierdeeg. Besonnesch fir vill eeler Leit an Heemer sinn déi aktuell Reegelunge ganz haart.

D’ADR hätt sech do erwaart, datt d’Regierung sech aktiv ëm méi mënschlech an awer wëssenschaftlech fundéiert Reegelunge beméit, amplaz et sech liicht ze maachen an all Verantwortung fir dës Situatioun un aner Leit ze delegéieren.

Et ass inakzeptabel, datt d’Regierung de Leit mat engem nach méi strenge Lockdown dreet. D’Regierung erkläert, datt si d’Evolutioun vum Infektiounsverlaf bestänneg analyséiert an opgrond vun dësen Analysen hir Decisiounen hëlt.

Si ka bei hiren Analysen awer wéineg spezifesch Clustere feststellen, wéi d’Gesondheetsministesch selwer sot, an hat beim leschte Covid-Gesetz scho gesot, datt et am HORESCA-Secteur keen Hotspot gëtt. Firwat gëtt et do also e partielle Lockdown, deen elo och nach bis de 15. Januar soll verlängert ginn?

Fir Chrëschtdag verlaangt d’ADR eng Ophiewung vun der Ausgangsspär, fir datt déi Chrëschten déi dat wëllen, kënnen d’Mette feieren an dobäi dat hellegt Sakrament empfänken. An de Kierche kënne jo och Distanzreegelen agehale ginn.

D’ADR bleift bei hirer grondsätzlecher Haltung déi dora besteet, datt d‘Regierung wuel dat Recht huet, fir am ëffentleche Raum Moossnamen ze huelen, net awer am Privatliewe vun de Leit. Am private Beräich läit et un der Eegeverantwortung vun de Bierger fir hiert Liewen a Sécherheet z’organiséieren.

D’ADR ass och géint déi ze vill allgemeng an net genuch motivéiert Reegelunge fir sozial Kontakter am ëffentleche Raum ze ënnerbannen. Si erënnert drun, datt et keng wëssenschaftlech Basis gëtt, fir den HORESCA-Secteur zouzemaachen. Och de Kultur- a Sportberäich kéinten – der ADR hirer Meenung no – bei adequate Moossname weider funktionéieren. D’ADR ass decidéiert géint d‘Ausgangsspär. Dee permanenten, wann och elo net méi deklaréierten „Etat de crise“ zënter dem Mäerz, werft eng ganz Rëtsch vu konstitutionellen a politesche Froen an engem u sech nach ëmmer fräie Land mat fräie Bierger op.

D’ADR verlaangt, datt d’Hëllefsmoossname fir d’Wirtschaft integral verlängert ginn esoulaang et néideg ass. D’ADR besteet och op hir Fuerderung, datt de staatleche Lounausgläich fir de Chômage partiel op 100 Prozent gehuewe gëtt bis zu der Limitt vun 250 Prozent vum onqualifizéierte Mindestloun fir Leit iwwer 18 Joer am Kader vun der Kris.

Matgedeelt vun der ADR

Opmaacherbild: © Annie Spratt / Unsplash

Related topics adr, Ausgangsspär, Chômage Partiel, Chrëschtdag, Chrëschtmetten, Feierdeeg, Moossname, Regierung
Next post Previous post