Search

You may also like

surprise
Vun enger Rumeur déi keng war
Meenung Neiegkeeten

Vun enger Rumeur déi keng war

Zanter kuerzem huet et an de sozialen Netzwierker Reaktioune vu

25 Doudeg Motocyclisten tëscht 2015 an 2018
Meenung Neiegkeeten

25 Doudeg Motocyclisten tëscht 2015 an 2018

Aus dem Rapport vun der Statec geet ervir, datt tëscht

Duebelschneideg Dispositiounen
Meenung Neiegkeeten

Duebelschneideg Dispositiounen

A senge rezente Gesetzprojeten, huet de Ministère vum Environnement, dem

Crèche zu Maarnech: Wie konnt dat autoriséieren?

Crèche zu Maarnech: Wie konnt dat autoriséieren?

Am Mäerz 2019 huet zu Maarnech eng Crèche hir Dieren opgemaach, déi 66 Kanner betreie kann. Wann ee mam Auto laanscht dës Crèche fiert, kann ee sech nëmme wonneren a froen, wien dës Crèche autoriséiert huet.

Wann d’Kanner dobausse spillen, si si komplett ongeschützt virun de Wiederverhältnisser, ob et reent, schneit oder de Summer hinnen – ouni d’Méiglechkeet an de Schied ze goen (!) – d’Sonn op de Kapp dréckt. Eng Gréngplaz mat Spillméiglechkeete sicht een ëmsoss – eng Betonswüst mat engem Zonk ronderëm, deen d’Kanner op wéinege Meter vun der villbefuerener Strooss ewechhält a si zudeem dem Kaméidi vum Verkéier direkt aussetzt.

Als ADR Norden si mir der Meenung, datt eis Kanner eppes Besseres verdéngt hunn. D’Fro bleift also, wéi een dës Crèche konnt autoriséieren a firwat een – besonnesch an enger méi ländlecher Gemeng wéi Cliärref – net no engem alternativer Standuert gesicht huet, deen dem Wuel vun de Kanner Rechnung dréit.

Matgedeelt vum ADR Norden

Related topics ADR Norden, Betonwüst, Crèche, Gréngplaz, Maarnech, Spillplaz
Next post Previous post