Search

You may also like

Prisong fir den australesche Kardinol Pell
Neiegkeeten

Prisong fir den australesche Kardinol Pell

Um haidege Mëttwoch huet d‘Geriicht zu Melbourne, ënnert dem Virsëtz

Éisträich wëll d‘Restriktioune lackeren
Neiegkeeten

Éisträich wëll d‘Restriktioune lackeren

Nodeems een d‘Bedreeung duerch de Coronavirus Covid19 „eppes ënnerschätzt“ hat,

What the Fakt – d’Geschicht vum Van Gogh sengem Ouer
Neiegkeeten

What the Fakt – d’Geschicht vum Van Gogh sengem Ouer

Et war den Dag virun Helleg Owend, wou déi bekannte

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht

Nodeems d‘CGFP de 27. November am Kader vu senger grousser Manifestatioun e „Signal“ un d‘Politik ginn huet, an onverhuelen drop higewisen hat, datt Lëtzebuerg eng staark „Fonction Publique“ brauch, huet déi Alternativ Reformpartei (ADR) seng Positioune virgeluecht.

Et géif vill diskutéiert, wat et der Partei géif erlaben un hir Positiounen, awer och Contributiounen zu den Debatten an der Chamber ze erënneren. Besonnesch och déi grouss Debatte vum 24. Mäerz 2015 gëtt dann och an hirem Communiqué verwisen. Deemools ware et ëm d‘Reform vum Statutt am ëffentlechen Déngscht gaangen.

D‘ADR stellt also hei dann nach eng Kéier kloer, datt si sech fir eng neutral „Fonction Publique“ asetzt. Eng Politiséierung vun de Ministèren dierft een net zouloossen, mee et soll och weiderhi méiglech sinn, datt d‘Ministere fir d‘Dauer vun hirem Mandat Vertrauenspersounen an de Cabinet dierfen nominéieren. Wat awer och bedeit, datt dës Persoune mat Oflaf vum Mandat, gläichfalls aus dem Ministère mussen „austrieden“.

E Beamte muss Lëtzebuerger sinn

Fest steet dann och, datt d‘ADR fir e „schlanken a flexibele Staat“ steet. Ze verstoen ass hei, datt een „esou vill Staat wéi néideg, esou mann Staat wéi méiglech“ wëll. Et huet ee bei der ADR dann awer Consideratioun dofir, datt mam Wuesstem vun der Awunnerzuel, och den ëffentlechen Déngscht muss wuessen. Zouverlässeg an effikass am Déngscht um Bierger soll d‘Administratioun sinn, woubäi se bei der ADR iwwerzeegt sinn, datt net all Aufgaben dem Staat mussen uvertraut ginn.

Als Beamte beim Staat ze schaffen implizéiert da fir d‘ADR, datt de Kandidat oder d‘Kandidatin d‘lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft huet. Et dierft een nëmmen an absoluten Ausnamefäll, punktuell an temporär op Auslänner zréckgräifen. Zudeem hunn se Beräicher ausgemaach, bei deenen eng Ausnam ausgeschloss muss sinn: d‘Diplomatie, d‘Force Publique oder d‘Magistratur wieren net verhandelbar.

Zudeem, an och dat ass vir d‘ADR net verhandelbar, misst jiddereen deen am ëffentlechen Déngscht beschäftegt ass oder gëtt, déi dräi Verwaltungssprooche beherrschen, an dat op héijem Niveau. De perfekten Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch wier eng Konditioun „sine qua non“ fir all Auslänner dee seng Kandidatur stellt.

Beim „Outsourcing“, wéi et beispillsweis mat der Kontroll vum Lëtzebuerger Loftraum versicht ginn ass, stellt d‘ADR kloer: „d‘Ausgliddere vu souveräne Funktiounen un de Privatsecteur“ ass keng Optioun.

D‘Arméi kann eng gutt Schoul sinn

D‘ADR steet dann och an, fir eng qualitativ héichwäerteg „Fonction Publique“. Datt een dem Verfall vum Niveau vun de Schoule politesch net entgéintgewierkt hätt, gëtt bedauert. Dorausser erginn sech och déi schlecht Resultater beim Staatsexamen. D‘ADR ass dann awer dergéint de Niveau vun den Examen erofzesetzen, a fuerdert konsequent e radikale Wiessel vun der Schoulpolitik.

Fir ganz Rëtsch u Carrière, sollt een de Rekrutement nees iwwert d‘Arméi lafe loossen, esou d‘Positioun vun der ADR. „Sief et iwwert e System vun Exklusivitéit, vu Prioritéit oder Quoten (…) d‘Zaldote sollen optimal op déi Carrière virbereet ginn“, esou de Communiqué. Bei der ADR ass een dann och iwwerzeegt, datt e „Militärlycée“ hei e gudde Bäitrag kéint leeschten.

Wat den aktuelle Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht betrëfft, esou gëtt dëse vun der ADR kategoresch verworf. Et wier e System deen a verschiddenen Administratiounen net géif funktionéieren, an aneren nëmme ganz schwéier, an et iwwerhaapt den Aarbechtsklima éischter géif belaaschten. Zudeem besteet hei op e neits d‘Gefor vun enger Politiséierung vun der „Fonction Publique“.

Zesummenaarbecht mam Privatsecteur

D‘Bürokratiséiserung vum ëffentlechen Déngscht ass dann och der ADR en Dar am A. Si géifen et eescht mengen, mat der administrativer Vereinfachung, déi am Staatsapparat muss ufänken. De Staat sollt sech, esou d‘ADR, manner mat sech selwer beschäftegen.

Punktuell Verännerunge vum Statutt fënnt d‘ADR gutt. Prinzipiell wier ee fir e staarke Statutt, deen de Beamten och effikass schützt an d‘Neutralitéit vum ëffentlechen Déngscht sécher stellt. Enger Entloossung „ad nutum“ vu Beamte stellt sech d‘ADR entgéint. Dat géif ausserhalb dem „droit commun“ stattfannen a wier schlicht inakzeptabel. Dogéint dann awer d‘Fro, op eng Harmoniséierung vun alle Carrière néideg a sënnvoll ass.

Well ee bei der ADR wëll erkannt hunn, datt esouwuel de Privatsecteur wéi och den ëffentlechen Déngscht zum gudde Fonctionnement an der Entwécklung vum Land bäidroen, steet en an fir e „Matenee vum ëffentlechen a private Secteur“. Sécher wier et e Problem datt et beim Staat a verschiddene Carrière eng héijer „Attraktivitéit“ am Verglach zum Privatsecteur géif ginn. Do misst een sech dann och de Realitéite stellen. Mat ee Grond, firwat d‘ADR, esou laang wéi keng besser Virschléi um Dësch leien, fir d‘Stagiaire um 80/80/90 System festhält.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics adr, Fonction Publique
Next post Previous post