Search

You may also like

Zypern bleift Konservativ
Neiegkeeten

Zypern bleift Konservativ

Déi konservativ DISY ass trotz „Hand ophalen“ nach ëmmer déi

Iechternach: Feierlaun beim Séi.
Neiegkeeten

Iechternach: Feierlaun beim Séi.

Fir déi mëttlerweil 35. Kéier, konnt een och erëm leschte

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil
Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil

Am Verglach zum November 2017 huet sech am Dezember wéineg

Laut der Regierung sinn eis Staatsfinanzen an der Rei. Esou datt op Grond vun der duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste Kris, weder Persounen nach Betriber op der Streck bleiwen dierfen. Mir musse leider feststellen datt op Grond vun deenen Informatiounen déi mer vun den Independanten an och soss aus dem Mëttelstand kréien, sech ganz grouss Problemer ubahnen, wa net elo direkt reagéiert gëtt. Et sti massiv Aarbechtsplazen a Faillitten um Spill. Ganz vill Kleng- a Mëttel-Betriber riskéieren d’Faillite. Leider si nach keng Hëllefe bei de Betraffenen ukomm.

Dofir verlaangt d’ADR datt d’Independanten a mëttelstänneg Entreprisen elo ganz séier ënnert d’Äerm gegraff kréien. Déi elo decidéiert Direkt- Hëllef vun 2.500 Euro fir Independanten an déi eemoleg Zomm vu 5.000 fir Betriber si nëmmen eng Drëps op de waarme Steen. Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet lescht Woch schonn an der Chamber bedauert datt déi staatlech Subventiounen integral zeréck bezuelt musse ginn, obschonn d’Betriber mat ganz zolitte Pertw confrontéiert sinn.

D’Regierung muss elo direkt aktiv gi fir massiv Entloossungen an dëse Secteuren ze verhënneren!

D’ADR steet zu 100% hannert den aktuellen a berechtegte Fuerderunge vun der Handwierkerkummer déi sech fir eng verstäerkten Direkt-Hëllef a géint e weidert Waarde bei der Exit-Strategie ausgeschwat huet. All Woch vu “Lockdown” vergréissert déi wirtschaftlech Schwieregkeete vun de Betriber nach. Och déi aner Propose vun der Handwierkerkummer am Kader vun engem 6 Méint-Plang fir aus der Kris erauszekommen, muss d’Regierung elo ëmsetze grad wéi och d’Propose vun engem nach méi  laangfristege Plang duerno.

D’ADR proposéiert datt d’Regierung elo direkt domadder ufänkt d’Betriber an d’Independante finanziell Hëllefen zoukommen ze loossen, et däerf net nach weider Zäit vergoen an déi agereechten Demande mussen direkt traitéiert ginn. D’Regierung soll, sou séier wéi méiglech, déi wirtschaftlech Aktivitéiten erëm do zouloossen, wou dat ouni Risiko méiglech ass. Déi bescht Hëllef fir déi Betraffen an de Staat ass déi, wann d’Handwierk an de Commerce nees séier schaffe kënnen, dat natierlech ënner Applikatioun vun de virgeschriwwene Preventivmoossnamen.

Matgedeelt vun der ADR

Illustratioun: © Patrick Tomaso / unsplash

Related topics adr, Coronavirus, Covid19, Direkt-Hëllef, Independanten, PME, Wirtschaftskris
Next post Previous post