Search

You may also like

Antidopping-Kontroll trotz Covid19
Neiegkeeten Stories

Antidopping-Kontroll trotz Covid19

Opgrond vun der Covid-19 Pandemie huet ALAD seng Aktivitéiten am

Infrastrukturaarbechten an der Avenue de la Liberté (14.08.2020)
Neiegkeeten Stories

Infrastrukturaarbechten an der Avenue de la Liberté (14.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier LUXTRAM

Hangout zu Suessem
Neiegkeeten Stories

Hangout zu Suessem

Et steet eis ee wonnerprächtege Summerweekend bevir: MeteoLux versprécht eis

Si sti fir méi Steiergerechtegkeet

Bei der Virstellung vum Bilan vun der „journée parlementaire“ vun e Samschdeg, huet d‘ADR déi aner an der Chamber representéiert Parteie mat kengem Wuert verschount

Si sti fir méi Steiergerechtegkeet

Et muss ee laange Samschdeg vir déi politesch Sensibilitéit ADR gewiescht sinn, well et huet weder un Themen nach un oppenen Dossiere gefeelt. Mee iert een déi parlamentaresch Rentrée an Ugrëff hëlt, muss een all deem Rechnung droen. Besonnesch wann et esou Bedeitendes wéi Grondrechter a Steiergerechtegkeet geet. Net ze vergiessen, datt de Fred Keup an der Chamber noréckelt…

De Fernand Kartheiser huet dann och emol fir unzefänken nach emol kloer duergestallt, datt et mat der ADR keng Steiererhéijung wäert ginn. Dat hätte jo de Premier an de Finanzminister sengerzäit och esou betount. Déi zwee haten am Verlaf vun der sanitärer Kris jo ouni Zwang gesot, datt d‘Finanze vum Staat an der Rei wieren, an dat d‘Pandemie ebe kaschte géif wat et kaschte géif.

Wou d‘ADR dann elo awer och bereet ass mat sech schwätzen ze loossen, dat betrëfft eng esou wichteg wéi noutwenneg Reform vun de spezialiséierten Investitiounsfongen (FIS) an de Stock Options. De Fernand Kartheiser huet hei op déi rezent Interventioune vum Roy Reding an der Chamber verwisen. Un der Ierfschaft- a Verméigenssteier wéilt een allerdéngs net fréckele goen.

ADRMat allem wat sech de Jean Asselborn aussepolitesch geleescht huet, bleift engem keng aner Wiel wéi op säi Récktrëtt ze bestoen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Gläichzäiteg warnt d‘ADR virun neie Steieren, déi eis iwwert den Ëmwee vu Bréissel opgeluede ginn. D‘EU wëll jo elo och Steieren erhiewen an d‘Steier op de Plastik ass esou gutt wéi do. Mee nei Steiere kommen och vun der Regierung: Hausse vun den Accisen; CO2-Steier, Grondsteier an d‘Strategie zur Offallvermeidung kritt een och net zum Nulltarif. Weider Steieren si méiglech.

Zudeem gëtt vun der ADR eng Reorganisatioun vun de Subventioune gefuerdert. Esou bréicht et fir den Transportsecteur eng Bäihëllef fir méi Propper Diesel-Gefierer. D‘Elektromobilitéit dogéint soll net weider subventionéiert ginn, zumindest net esoulaang wéi se mat Kanneraarbecht verbonnen ass well et dobäi engersäits ëm déi sozial Verantwortung an anersäits ëm d‘Kredibilitéit vum Staat geet.

D‘Wirtschaftslag am A behalen

Am Kontext vun sech ofzeechnender Wirtschaftskris, fuerdert d‘ADR d‘Reindustrialiséierung vum Land. Datt de Projet vun der Jughurtsfabrick ni e gudde War a Fage International S.A. jo elo de Projet nees zeréckgezunn huet, kann d‘ADR begréissen, de Fernand Kartheiser stellt allerdéngs hei fest, datt déi gréng am Begrëff sinn der LSAP d‘Industrie- a Wirtschaftspolitik ze enträissen.

Méi generell misst awer ganz Europa sech (industriell) besënnen, an dofir Suerg droen, datt een net méi vum Ausland ofhängeg ass. Dat besonnesch am pharmazeuteschen an energetesche Beräich. Si hunn och wéineg Versteesdemech fir dem Claude Turmes seng Aussoen zur Entwécklung vum Energieverbrauch an dem Apport vun den erneierbaren Energien. Dat wier alles onrealistesch.

ADREsou wéi et de Roy Reding erkläert huet, géif et der Staatskeess ouni déi spezialiséiert Fongen (FIS) ee gudde Krack besser goen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Datt et awer muss zu enger däitlecher energetescher Transitioun kommen, dat kann och d‘ADR net kleng schwätzen. A besonnesch wann een d‘Revalorisatioun vum Handwierk fuerdert, wat jo awer éischter ze begréissen ass, sollt ee bedenken, datt et grad d‘Handwierker sinn, déi vun dësem Ëmdenke wuel am meeschten dierfte Profitéieren. Et muss ee just d‘Jalone richteg placéieren.

Als weidere Sujet stoung d‘Aussepolitik am Raum, an hei gouf virun allem de Beholl vum Jean Asselborn op de Leescht geholl. D‘ADR hat jo de Récktrëtt vum Ausseminister gefuerdert an aus eegener Stécker en Entschëllungsschreiwes un déi éisträichesch Ambassade geschéckt. Un dësem Récktrëtt hält d‘ADR dann och weider fest an huet eng Aktualitéitsstonn an der Chamber gefrot.

Sanitär Kris a d‘Folgen dovunner

Wann et am grousse Ganzen éischter gutt gelaf ass, mir hei zu Lëtzebuerg d‘Covid19-Pandemie verhältnesméisseg gutt am Grëff hunn, esou verhënnert dat net, datt d‘ADR eng ganz Rëtsch u Kritiken op Lager huet. Si ginn ze bedenken, datt et d‘LSAP war, déi vill derzou bäigedroen huet, datt och bei eis am Land masseg Spidolsbetter ofgebaut goufen. An domatter net genuch.

Et hätt mat der Kommunikatioun net geklappt, an och déi onséileg Zesummenaarbecht tëscht dem Paulette Lenert (Gesondheetsministesch – LSAP) an dem Claude Meisch (Educatiounsminister – DP) hätt méi Chaos wéi Verständnis mat sech bruecht, datt an éischter Linn am Enseignement, mee och méi generell bei de Leit. Zudeem verwonnert d‘ADR wéi hei mat anere geschafft gëtt.

ADRDe Fred Keup gëtt de 14. Oktober an der Chamber als Deputéierte vereedegt. Hien trëtt dann d‘Nofolleg vum Gaston Gibéryen un. Hie wäert sech ëm: Educatioun, Famill, Kultur, Ëmwelt, Entwécklungshëllef an d‘Fonction Publique këmmeren. © Martine de Lagardère / moien.lu

De Fernand Kartheiser versteet esou och net, firwat eis Gesondheetsdirektioun oder soss Acteure kee Kontakt zum Robert-Koch-Institut (RKI) an Däitschland ënnerhalen, wou dës Institutioun jo awer eng Schlësselroll bei den Entscheedunge vu Berlin an/oder de Bundeslänner spille géif. An dann ass wuel och net verkéiert drop opmierksam ze maachen, datt d‘Leit d‘Mesure verstoe sollen.

An der Schoul herrscht en zimleche Chaos an d‘Gestreits, grad wéi déi Géigesätzlech Aussoe vun der Regierung an den Enseignantsgewerkschaften, bestätegen hei éischter dem Fernand Kartheiser seng Aussoen, wéi datt si se géifen dementéieren. Och gouf d‘Quarantaine nach emol nei definéiert: mat Verdacht op Covid19 kann e wuel nach Schoul halen, mee soss muss een doheem bleiwen.

Vu Grondrechter a lëschtegem Kraut

D‘ADR huet gëschter dann och nach emol de Schutz vun de Grondrechter higewisen, déi jo op en Neits eppes „ageschränkt“ ginn. Mat der Verlängerung vum Covid19-Gesetz bis mindestens Ufank 2021, misst ee feststellen datt hei eppes schif leeft. Datt esou ee Gesetz mat der einfacher, an net wéi vun der ADR verlaangt, zweedrëttel Majoritéit, duerchgesat gëtt, wier net méi tolerabel.

Si hätte vun Ufank un virum schlechtem Ëmgang mat de Grondrechter gewarnt, an elo misst ee bal fäerten, datt d‘Leit et dobaussen ugeholl hunn. Dat ass esou geféierlech wéi kuerzsiichteg, an esou aschneidend Gesetzer sollt een tatsächlech nëmme mat enger zweedrëttel Majoritéit Stëmmen dierfen. D‘ADR jiddefalls huet sech virgeholl och weiderhinn fir d‘Grondrechter anzetrieden.

ADRDe Jeff Engelen wäert sech och an dëser Sessioun nees fir d‘Landwirtschaft asetzen a weider kritesch mat der Covid19-Pandemie ëmgoen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Wat d‘Legaliséierung vum Cannabis betrëfft, esou erënnert d‘ADR dorunner, datt si sech schonn ëmmer fir de medezineschen Asaz vun dësem Kraut agesat hunn. Beim rekreative Gebrauch vum Cannabis gëtt et bannent der Partei Differenzen, och wa sech jidderee bewosst ass, datt de Konsum eng gesellschaftlech Realitéit ass. Heizou soll et dann elo och en Hearing an der Chamber ginn.

Si stellen dann och nach fest, datt et bei gréisster Oppositiounspartei net méi esou leeft. Dem CSV-President Frank Engel seng Meenung géif net méi där vun der Exekutiv entspriechen, an och soss schéngen se bei der CSV den Ament eppes Schwieregkeeten ze hunn, eng fir de Wieler kloer verständlech Linn opzeweisen. Wéi och ëmmer… déi parlamentaresch Rentrée gëtt spannend.

Foto: (v.l.n.r.) Fred Keup, Roy Reding, Fernand Kartheiser, Jeff Engelen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics adr, Fernand Kartheiser, Fred Keup, Jeff Engelen, Journée parlementaire, Roy Reding, Steiergerechtegkeet
Next post Previous post