Search

You may also like

Editorial: „Sozial Distanz“ ass onpassend!
Neiegkeeten

Editorial: „Sozial Distanz“ ass onpassend!

Wat et net alles vun dommen a sënnfräie Spréch gëtt…

Mat Geld ka villes geléist ginn… esouguer Terror
Neiegkeeten

Mat Geld ka villes geléist ginn… esouguer Terror

Op den Amerikaner hirer Terrorlëscht – gemengt sinn Natiounen déi

E Sécherheetsrisiko: D’Giischtercher hunn an der Impfstrategie wuel keng Prioritéit
Neiegkeeten

E Sécherheetsrisiko: D’Giischtercher hunn an der Impfstrategie wuel keng Prioritéit

D’Associatioun vun de Giischtercher (AAP) fënnt et bedenklech, datt hir

Ängschte vu Kanner – Wéi kënne mir se hinnen huelen?

E puer Tipps

Ängschte vu Kanner – Wéi kënne mir se hinnen huelen?

Eng Kandheet ouni Suergen ass e Märchen – dovunner dreeme mir Elteren. Fir der nächster Generatioun d’Angscht ze huelen, muss sech méi an hir Ängschten eragesat ginn. Hate mir fréier keng besser Kandheet? Eng besser wéi haut? Oder menge mir dat just?

D’Problemer an d’Gefiller vun der Angscht sinn dach méi spéit komm, oder? Mam Erwuessen-Sinn. Warscheinlech ass et wierklech e Mythos vun der idyllescher Kandheet. Kee weess et. Dee rosarouden Zocker, mat deem mir d’Kandheet bestreeën, verdeckt dobäi e genee Bléck an d’Séileliewe vun onse Kanner. Mee wéi gesi mir, wat eis Kanner wierklech belaascht?

Ma e Perspektivewiessel wär eng gutt Hëllef – mir versetzen eis an déi Kleng an iwwerleeën eis viru wat si Angscht kéinten hunn.

D‘Mamma an de Pappa loossen sech scheeden

Zemools wann Elteren sech trennen, ass dat fir den Nowuess eng Katastroph. Si fillen sech schëlleg. Waren si net brav genuch? Dobäi kënnt nach ee schwéiere Loyalitéitskonflikt. Déi emotional Schierbele vun den Eltere sinn net ze iwwersinn, d’Kanner wëssen net wierklech wou hir elo Plaz ass. Hei ass et wichteg, d‘Kanner net unzeléien.

D’Famill muss zesummen informéiert ginn, och d’Grënn mussen/sollen éierlech benannt ginn. Et ass wichteg een Team ze bleiwen – gemeinsam Vakanzen a Feierdeeg sollen allerdéngs evitéiert ginn. E klore Schnatt ass besser.

Kee ka mech leiden!

An der Schoul oder an de Sportveräiner musse Kanner sech a Gruppen integréieren. Et hält een zesummen, allerdéngs ginn dacks déi ausgeschloss, déi de Fridde stéieren. An dës bleiwen eleng. Wann d’Grupp een ausstousse kann, fillt se sech staark. Leider.

Besonnesch Kanner mat kierperleche Behënnerungen oder aneren Opfällegkeeten (rout Hoer oder Iwwergewiicht) ginn dobäi ganz gären ausgeschloss. Sinn déi Betraffen zeréckhalend, léisst de Mobbing net méi laang op sech waarden. An der Schoul ass d’Schoulpersonal verantwortlech fir am Noutfall anzegräifen – eng nei Sëtzplaz ka Wonner wierken. D’Schüler sinn nämlech net eleng fir sech verantwortlech.

Geschwënn gëtt et Krich!

Och wa mir mengen, mir géingen dat gutt verstoppen – Kanner kréien méi mat wéi gemengt. Si mierken, datt déi Erwuessen sech Suergen ëm d’Welt maachen. Den Terror a Krichsbiller sinn leider e reale Beweis. Ab dem Alter vun 10 Joer ginn d’Kanner méi virwëtzeg, si wëlle bewosst an d’Liewen abezu ginn. Iwwert all déi elektronesch Smartphonen an aner Gadgeten informéiere si sech selwer. Onkontrolléiert kann dat no hanne lass goen.

Hei ass d’Léisung, de Kanner d’Noriichten net ze verweigeren – méi wichteg ass et mat hinnen iwwert all dës Erliefnesser ze schwätzen – an se net ze bagatelliséieren.

„Jo, dat mécht eis Suergen – mir maachen alles fir dech ze beschützen, an dofir ze suergen, datt s du sécher bass.“ Et huet kee gesot, datt Elteresinn einfach ass – ma mir meeschteren dat sou gutt et geet. Fir eis Zukunft. Oder besser gesot, fir hier Zukunft. A fir zukünfteg Generatiounen.

Opmaacherbild: © Annie Spratt / unsplash

Related topics Ängschte, Beléiftheet, Fridden, Kandheet, Krich, Mobbing, Scheedung, Schoul, Sozial Medien
Next post Previous post