Search

You may also like

Walk of Steel
International Neiegkeeten

Walk of Steel

Déi Saarlännesch, däitsch an europäesch Stolindustrie steet, bedéngt duerch den

Landwirtschaft a Fëscherei: Déi éischt physesch Reunioun zu Bréissel
International Neiegkeeten

Landwirtschaft a Fëscherei: Déi éischt physesch Reunioun zu Bréissel

Gëschter huet mam Rot zur „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel

Vu Rousen an Timberen
International Neiegkeeten

Vu Rousen an Timberen

Dat war emol ee richteg flotte Weekend am Kulturzentrum „Prince

Schwéiert Äerdbiewen a Griicheland

Schwéiert Äerdbiewen a Griicheland

A Griicheland huet gëschter de Buedem mat enger Stäerkt vu 6,3 (Richterskala) geziddert. Et huet am Verlaf vun dësem Naturphenomen zuelräich Nobiewe ginn. Déi gutt Nouvelle: et sinn aktuell keng Affer ze bekloen. D‘Arméi ass am Asaz a riicht Zelter op, fir déi Mënschen, där hir Haiser agefall oder onbewunnbar gi sinn.

Äerdbiewen a Griicheland

Laut dem Athener Observatoire fir Geophysik huet den Epizenter vum Biewen, mat enger Stäerkt vu 6,3 op der no uewen oppener Richterskala, 238 Kilometer nërdlech vu Athen, onmëttelbar bei der Klengstad Tyrnavos geleeën. D‘Äerdbiewe war um ganze griichesche Kontinent ze spieren an huet Nobiewe ginn. Dat stäerkst Nobiewe gouf mat der Stäerkt 5,7, op der Richterskala ermëttelt.

Wéi d‘Biewen sech ugekënnegt huet, sinn dausende Mënschen op d‘Stroosse gelaf. Laut den elo virleiende Berichter vun de Rettungsdéngschter, wiere keng Affer ze bekloen. Vill Haiser an den Dierfer ronderëm Tyrnavos si esou staark beschiedegt ginn, datt se net méi bewunnbar sinn. Sechs Persounen hu missen aus den Trëmmer befreit ginn. Si wieren nëmme liicht blesséiert, esou d‘Info.

Äerdbiewen a Griicheland

De Regionalgouverneur Kostas Agorastos, huet alle Asazkräfte fir hiert séiert agräifen ee grousse Merci ausgeschwat. D‘Arméi wier beoptraagt ginn, op der Plaz Ënnerkënft opzeriichten, fir deene Leit, wou net an hir Haiser zeréck kënnen, Schutz ze bidden. De Gouverneur huet zugläich bestätegt, datt d‘Schoule bis op weideres zou bleiwen, a rifft d‘Leit op Rou ze beworen.

Äerdbiewe sinn a Griicheland – dat op méi Verwerfungslinne vun den tektonesche Placke geleeën ass – en éischter „normale“ Phenomen. Déi meescht Biewe fannen zuweilen am Mier statt, firwat Griicheland seelen Äerdbiewenaffer ze bekloen huet, an sech och d‘Schied a Grenzen halen.

mat indymedia/ath

Foto: Colaiste Bride

Related topics Äerdbiewen, Griicheland, Kostas Agorastos, Richterskala, Tyrnavos
Next post Previous post